18. Februar: D'Protester op der Maidan-Plaz zu Kiew, an der Ukrain, déi zanter dem 21. November 2013 am Gaang sinn, eskaléieren; et kënnt zu 77 Doudeger, wouropshin d'Parlament den 22. Februar de President Wiktor Janukowytsch fir ofgesat erkläert. Gläichzäiteg fänkt de Konflikt mat Russland ëm d'Krim un.
16. Mäerz: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Serbien gewënnt dem Aleksandar Vučić seng Fortschrëttsparei d'Majoritéit vun de Sëtz.
18. Mäerz: No engem Refrendum, de 16. Mäerz, deklaréiert d'russesch Regierung d'Republik Krim an d'Stad Sewastopol, déi bis dohin zu der Ukrain gehéiert hunn, zu zwéin neie Federatiounssujete vu Russland.
06. Abrëll: Bei de Parlamentswalen an Ungarn behält d'Fidesz-KDNP-Koalitioun hir Majoritéit; de Premier Viktor Orbán gëtt den 10. Mee a senger Fonctioun confirméiert.
18. Mee: Iwwer 50 Doudesaffer bei Iwwerschwemmungen a Südosteuropa, besonnesch an de Balkan-Länner.
25. Mee: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament huet d'Europäesch Vollekspartei déi meeschte Sëtz kritt (214; 28,5%) Zweetstäerkst Fraktioun ginn d'Sozialdemokrate mat 191 Sëtz (25,4%). An Dänemark, Frankräich a Groussbritannien hunn (extrem)riets Gruppéiereungen, déi géint d'Europäesch Unioun sinn, staark u Sëtz gewonnen oder goufe stäerkst Partei. Mat populistesche Parteie vu soss an Europa fale sou bal e Véirel vun de Sëtz un euroskeptesch Protestparteien. Gréng a liberal Parteie kommen op 6,9%, resp. 8,5%.
17. Juli: Nodeems sech an de Méint virdrun an der Ost-Ukrain pro-russesch Milize gebilt hunn, déi sech vun der Ukrain wëllen onofhängeg maachen, gëtt e Linnefluch vun der Malaysian Airlines um Wee op Kuala-Lumpur iwwer dem Dombass ofgeschoss, all 298 Leit u Bord stierwen.
25. Juli: De Wolodymyr Hrojsman gëtt neie Premierminister an der Ukrain, nom Récktrëtt vum Arseni Jatseniuk, deen Dag vidsrun.
02. Oktober: De Stefan Löfven gëtt neie Premierminister a Schweden, nodeems seng Partei bei de Parlamentswale vum 14. September déi meeschte Stëmme krut.
18. Juni: D'Chamber stëmmt e Gesetz, dat d'Bestietnes reforméiert; ë.a. ginn homosexuell Koppelen deenen heterosexuelle gläichgestallt.
Afrika
Zanter dem Ufank vum Joer: Biergerkrich am Südsudan; bis Enn Juli 2014 gëtt et Zéngdausende vun Doudegen an 1,2 Milliouen Leit, déi aus dem Krichsgebitt hu misse fortlafen.
10. Mee: Bei de Parlamentswalen a Südafrika kritt den ANC d'Majoritéit vun de Stëmmen. De Jacob Zuma gëtt de 24. Mee fir eng zweet Amtszäit als President vereedegt.
08. Mäerz: De Fluch MH370 vun de Malaysia Airlines verschwënnt am Indeschen Ozean. Trotz wochelaanger Sich kënne keng Reschter vum Fliger fonnt ginn. Et gëtt ugeholl, datt keen u Bord d'Ongléck iwwerlieft huet.
08. Abrëll-16. Mee: D'Parlamentswalen an Indien gi vun der oppositioneller BJP ënner dem Narendra Modi gewonnen, deen neie Premierminister gëtt.
13. Mee: Bei engem Feier an enger Minière am tierkesche Soma stierwen iwwer 300 Mënschen.
22. Mee: Putsch an Thailand vum Generol Prayuth Chan-ocha, nodeems d'Premierministesch Yingluck Shinawatra de 7. Mee vum Verfassungsgeriicht fir ofgesat erkläert gi war.
02. Juni: Telangana gëtt offiziell den 29. Budesstaat vun Indien.
09. Juli: Presidenteswalen an Indonesien; de Joko Widodo gëtt den 22. Juli zum Gewënner proklaméiert an den 20. Oktober vereedegt.
28. August: De Recep Tayyip Erdoğan gëtt als President vun der Tierkei vereedegt, nodeems hien den 10. August d'Wale fir dat Amt gewonnen hat. De 27. August gëtt den Ahmet Davutoğlu säin Nofollger als Regierungschef.
17. September: Éischt Parlamentswalen no 8 Joer Militärdiktatur op de Fidschi-Inselen.
uechtert d'Joer: De Biergerkrich a Syrien geet weider.
uechtert d'Joer: De Biergerkrich am Irak geet weider.
08. Juli: Ufank vun der Offensiv Protective Edge vun der israeelescher Arméi géint d'Hamas an aner militant palestinensesch Gruppen an der Gazasträif. Bis de 26. Juli gëtt et iwwer 1000 Doudeger.
24. Juli: De Fuad Massum gëtt vum irakesche Parlament zum Staatspresident gewielt.
22. Dezember: De Beji Caid el Sebsi gëtt am zweeten Tour zum neie President vun Tunesien gewielt.
2014 hunn eppes méi wéi 12 700 Persounen als Folleg vun techneschen oder natierleche Katastrophen d'Liewe verluer oder goufen als vermësst erkläert, wat an der Geschicht vun de Katastrophen eng vun den niddregsten Zuelen trotz der gréisster Zuel vu Katastrophen an engem Joer ass. Et war mol net d'Hallschent vun 2013, a louch wäit ënner der Joresmoyenne vu 66.000 zënter 1990. Dat déidlechst Evenement war en Äerdbiewen an der chineesescherProvënz Yunnan am August mat op d'mannst 731 Affer.[1]
November: En décke Pak bis dohin net bekannte Steier-Accorden tëscht multinationalen Entreprisen an de Lëtzebuerger Steieradministratioun ginn duerch déi sougenannt LuxLeaks via e Grupp vu Journalisten an de Medie bekannt gemaach a léisen eng international Debatt iwwer Steiervermeidung aus.
26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genk bei engem Trainingsmatch 1:5 géint d'Belsch, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[3]
04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Perugia 1:1 géint Italien, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss.[4]
08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1.1 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.[5]
09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Skopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.[6]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[7]
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[8]