25. Februar: D'virgezunne Parlamentswalen an Irland gi vun der Oppositiounspartei Fine Gael ënner dem Enda Kenny gewonnen.
06. Mäerz: Bei de Parlamentswalen an Estland ginn d'Koalitiounsparteie vum Premier Andrus Ansip senger Reformpartei an der Pro Patria a Res Republica Unioun vun de Wieler an hirem Amt confirméiert.
03. Abrëll: An Andorra gewannen d'Demòcrates per Andorra, déi an der Oppositioun waren, mat absolutter Majoritéit déi virgezunne Parlamentswalen; de Antoni Martí gëtt den 11. Mee zum Premierminister ernannt.
17. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Finnland kritt d'National Sammlungspartei vum Finanzminister Jyrki Katainen déi meescht Stëmmen, knapps virun den europaskepteschen a rietspopulistesche "Stackfinnen". D'Sozialdemokraten, bis dohin an der Regierung, ginn Drëtt.
05. Juni: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt déi oppositionell liberal Partei vun der Sozialdemokratie (PSD) ënner dem Pedro Passos Coelho.
22. Juli: E rietsextremen Attentäter deet zu Oslo eng Autobomm explodéieren an erschéisst duerno Dosende vu Jugendlecher an engem Vakanze-Camp op der Insel Utøya; am Ganze 76 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
15. September: De "Roude Block" mat als stäerkster Partei de Sozialdemokrate gewënnt d'Parlamentswalen an Dänemark; d'Helle Thorning-Schmidt gëtt den 3. Oktober zur Premierministesch ernannt.
04. Dezember: Bei de Wale fir d'Duma, d'russescht Parlament, kritt dem Premierminister Wladimir Putin seng Partei mat 238 vu 450 Mandater d'absolut Majoritéit.
04. Dezember: D'Partei Positiivt Slowenien vum Zoran Janković kritt déi meescht Stëmme bei de virgezunnene Parlamentswalen a Slowenien.
04. Dezember: D'Parlamentswalen a Kroatie gi vun der oppositioneller Mëtt-Lénks-Allianz Kukuriku ënner dem Zoran Milanović gewonnen; de Milanovic gëtt den 23. Dezember Premierminister.
06. Dezember: 540 Deeg no de Parlamentswalen an der Belsch gëtt d'Koalitiounsregierung vu 6 Parteien ënner dem frankophone Sozialist Elio di Rupo vereedegt.
11. Mäerz: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 9,0 virun der Ostküst vu Japan a virun allem dem Tsunami, deen doduerch entstanen ass, si 15.840 Leit ëm d'Liewe komm (derbäi kommen 3.926 Vermësster) an hunn Honnertdausenden hiert Doheem verluer. Dobäi ass och de Killsystem vun de Reaktere vun der Atomzentral Fukushima I zäitweileg ausgefall, et koum zu der Kärfusioun an 3 Reakteren, a Radioaktivitéit ass an d'Ëmwelt geroden. Eng Zon vun 20km Ëmkrees gouf komplett evakuéiert, eréischt no Woche konnten d'Reaktere méi oder manner stabiliséiert ginn. D'Schied sinn am dräistellege Milliardeberäich.
12. Juni: Bei de Parlamentswalen an der Tierkei gewënnt d'Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP) ënner dem Prmeier Recep Tayyip Erdogan mat 326 vu 550 Sëtz.
03. Juli: Déi oppositionell Pheu Thai ("Partei fir d'Thaï"), mat un der Spëtzt der Yingluck Shinawatra gewënnt d'Parlamentswalen an Thailand.
25. Oktober: Bei engem Äerdbiewen am Oste vun der Tierkei kommen iwwer 500 Mënschen ëm d'Liewen.
04. Dezember: Bei de Wale fir d'Duma, d'russescht Parlament, kritt dem Premierminister Wladimir Putin seng Partei mat 238 vu 450 Mandater d'absolut Majoritéit.
Ozeanien & Pazifik
26. November: Dem Regierungschef John Key seng New Zealand National Party Partei gewënnt op en Neits d'Parlamentswalen an Neiséiland.
01. Februar: No Masseprotester gëtt de Marouf al-Bakhit vum Kinnek Abdullah II. vu Jordanien zum neie Regierungschef ernannt.
11. Februar: Den egyptesche President Hosni Mubarak trëtt no 18 Deeg Protester géint hien, bei deenen eng 300 Leit ëm d'Liewe kommen, zeréck. D'Militär iwwerhëlt, bis zu enger Verfassungsännerung, Parlaments- a Presidentschaftswalen, d'Muecht am Land.
Mëtt Februar bis Mëtt Oktober: Fir d'éischt Protester, duerno Kämpf a Libyen géint den Diktator Muammar al-Gaddafi, bei deenen Dausende vu Leit ëm d'Liewe kommen. Eng Koalitioun, ugefouert vu Groussbritannien, Frankräich, Kanada an de USA flitt vum 19. Mäerz u Loftattacken op libesch Stellungen. D'Rebelle gewannen no an no Iwwerhand; den 20. Oktober gëtt de Gaddafi, deen op der Flucht war, gefaange geholl an erschoss.
15. Mäerz: Ufank vu Protester géint d'Regime vum Baschar al-Assad a Syrien, déi sech an de Méint duerno an e Biergerkrich ausbreeden. Bis Mäerz 2018 koumen dobäi ronn 350.000 Mënschen ëm d'Liewen, 7 Millioune Leit si Flüchtlingen an den Nopeschlänner an an Europa, a weider 6,3 Millioune hu missen an aner Plaze bannent Syrie flüchten. 7 Joer nom Ausbroch ass nach ëmmer keen Enn an Aussiicht.
29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Piatra Neamt, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 1:3 géint Rumänien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.[3]
03. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Ungarn.[4]
07. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Wäissrussland.[5]
10. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Faro 0:5 géint Portugal.[6]
02. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Rumänien.[7]
06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 2:1 géint Albanien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilles Bettmer an Aurélien Joachim geschoss.[8]
07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:5 géint Bosnien-Herzegowina.[9]
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Schwäiz.[10]