07. August: Ufank vum Südossetien-Krich (2008), andeems Georgien a Russland, no deeglaangem Gestëppels tëscht deenen zwou Säiten, eng militäresch Offensiv an der separatistescher Regioun Südossetien ufänken.
20. August: De Spanair-Fluch JK 5022 verongléckt beim Start um Fluchhafe vu Madrid-Barajas, 153 Leit kommen ëm d'Liewen.
26. August: Russland erkennt Südossetien an Abchasien als onofhängeg un.
28. September: Bei de Parlamentswalen ("Nationalratswahlen") an Éisträich verléieren d'SPÖ an d'ÖVP, déi virdrun eng grouss Koalitioun gestalt hunn, 10, resp. 15 Sëtz, a kommen op hirer 58, resp. 51, iwwerdeems d'FPÖ an d'BZÖ op zesumme 55 Sëtz kommen (2006: 28). Déi Gréng kréien 19 Sëtz.
04. Mee: Den Zyklon Nargis mécht bis zu 100.000 Doudeger am Myanmar.
12. Mee: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 7.9Mw an Zentralchina, no bei Schengdu, komme ronn 90.000 Leit ëm d'Liewen.
19. Juli: Éischt Presidentschaftswalen an der Geschicht vum Nepal.
15. August: De Pushpa Kamal Dahal (besser bekannt als Prachanda) gëtt, nodeem am Mee d'Monarchie ofgeschaaft gi war, éischte Premierminister vun Nepal.
26. November: Bei Attacken ë.a. op Hoteller, e Maart, e Spidol an eng Gare zu Mumbai duerch eng Grupp vun op d'mannst 10 Terroriste komme méi wéi 173 Mënschen ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik
13. Februar: Den australesche Premierminister an den Oppositiounsleader entschëllege sech ëffentlech virum Parlament fir d'Onrecht, dat d'Aborigenes 200 Joer laang hu missen erleiden.
27. Dezember: Ufank vun der Operatioun Bläigoss, bei där, no e puer Deeg Loftattacken, d'israeelesch Arméi an d'Gaza-Sträif amarschéiert ass, fir d'Hamas fir Rakéitebeschëss ze 'bestrofen'.
07. September: D'US-Regierung iwwerhëlt d'Biergschaft fir d'Kreditter vun den zwou Hypothéikebanke Freddie Mac a Fannie Mae.
14. September: D'amerikanesch Bank Lehman Brothers geet faillite.
16. September: D'US-amerikanesch Regierung nationaliséiert d'Assurance-Gesellschaft American International Group, fir ze verhënneren, datt se faillite geet.
18. September: Merrill Lynch gëtt vun der Bank of America iwwerholl.
28. September: Fir d'Bank- an Assurancëgrupp Fortis virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen eng 49 prozenteg Participatioun an de jeeweilege Filiale vun der Grupp: D'Belsch mat 4,7 Milliarden Euro, d'Hollänner mat 4 Milliarden a Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden.
29. September: Fir d'Bank- an Assurancegrupp Dexia virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen d'Belsch federal a regional Regierungen eng Participatioun vun zesummen 3 Milliarden Euro, de Franséische Staat, via d'Caisse de Dépôts et de Consignations, eng vun och 3 Milliarden an d'Lëtzebuergesch Regierung eng vun 376 Milliounen Euro.
04. Oktober: D'hollännesch Regierung iwwerhëlt fir 16,8 Mrd. Euro de Rescht vun den Aktie vu Fortis.
06. Oktober: Déi franséisch BNP Paribas iwwerhëlt fir 14,5 Mrd. Euro 75 Prozent vum Grupp Fortis.
09. Oktober: An Island iwwerhëlt d'Finanzopsiichtsautoritéit d'Kontroll iwwer déi dräi gréisste Banken aus dem Land (Kaupthing Bank, Landsbanki a Glitnir).
10. September: An der Schwäiz gëtt de Large Hadron Collider eng éischt Kéier a Betrib geholl.
27. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Kap Verde. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Fons Leweck geschoss.[3]
20. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Mazedonien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Joël Kitenge geschoss.[4]
10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Zürich, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 2:1 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeff Strasser a Fons Leweck geschoss.[6]
11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:3 géint Israel. De Gol fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters geschoss.[7]
15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[8]
19. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vum 100. Anniversaire vun der FLF, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[9]