Werner Faymann
éisträichesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Werner Faymann, gebuer de 4. Mee 1960 zu Wien, ass en éisträichesche Politiker (SPÖ). Hie war zanter dem 8. August 2008 nationale Parteipresident vun der SPÖ an zanter dem 2. Dezember 2008 éisträichesche Bundeskanzler. Den 9. Mee 2016 ass hie vu béide Funktiounen no parteiinternen Differenzen zeréckgetrueden[1].
Virdrun hat hie verschidde Funktiounen an an der Administratioun vun der Stad Wien, resp. vu Gesellschaften an hirem Ëmkrees. Am Januar 2007 gouf en Infrastrukturminister ënnert dem Bundeskanzler Alfred Gusenbauer.
No de Parlamentswalen (Nationalratswahl) koum et, wéi virdrun, zu enger Grousser Koalitioun vun SPÖ a konservativer ÖVP, an de Werner Faymann gouf Bundeskanzler. Dës Grouss Koalitioun gouf no de Wale vum September 2014, de 16. Dezember 2014 weidergeféiert, mat weiderhin dem Faymann un der Spëtzt.
Remove ads
Gielercher
Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[2].
Um Spaweck
| Commons: Werner Faymann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Der Standard: Werner Faymann tritt als Bundeskanzler und SPÖ-Chef zurück.", derstandard.at, 9. Mee 2016
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
