From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Fonck oder Johny Fonck, oder och nach Johnny Fonck, gebuer den 30. November 1920 zu Beggen, a gestuerwen de 17. Juli 2008 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller[1], Liichtathleet an Olympionik.[2]
Johny Fonck | |
---|---|
Gebuer | 30. November 1920 |
Gestuerwen | 17. Juli 2008 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Liichtathleet |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1952 |
Hien hat bis virum Zweete Weltkrich fir d'Spora Lëtzebuerg gespillt. Nom Zweete Weltkrich ass hien op Lyon geplënnert, wou en fir den FC Lyon als Mëttelfeldspiller gespillt huet, a gläichzäiteg Trainer war. Hien huet den 10. Mäerz 1940 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]
Hien huet Lëtzebuerg am Hürdelaf op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[4] Hie war de Lëtzebuerger Rekordhalter am Hürdelaf iwwer 110 m (1947 - 1958), iwwer 200 m (1949 - 1960) an iwwer 400 m (1949 - 1960).
1952 bei den olympesche Spiller, huet hien de Josy Barthel betreit.
1953 huet hie sech mat der Cécile Barthel, der Schwëster vum Josy Barthel, bestuet.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.