Beggen
ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Beggen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den nërdlechste vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
Beggen | |
---|---|
Kräizung rue Cyprien Merjai / rue Jean-Baptiste Nothomb, a Richtung Süde gekuckt | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Beggen de: Beggen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 3.800 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 170,91 ha |
Héicht | 302 m |
Koordinaten |
49° 38’ 37’’ N 06° 07’ 45’’ O |
Beggen grenzt un d'Quartiere Millebaach am Westen, Eech am Süden, Dummeldeng am Osten an am Norden un d'Gemeng Walfer. Duerch Beggen leeft d'Uelzecht.
De Quartier huet eng Fläch vun 170,91 Hektar a läit op enger Héicht tëscht 232,10 an 302,00 m[1].
Beggen huet zur fréierer Gemeng Eech gehéiert, ier déi 1920 mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet[2].
Beggen war ursprénglech e klengt, aarmt Duerf am Norde vun der Festung Lëtzebuerg. Am Joer 1611 goufe siwe Stéit do ernimmt. 1635, wärend dem Drëssegjärege Krich, stoungen zéng Haiser zu Beggen, vun deenen der am Joer 1657 just nach fënnef bewunnt waren. Bei der Vollekszielung 1851 hat Beggen 150 Awunner.
Mat der Industrialiséierung an dem Besoin fir Aarbechter ass d'Bevëlkerung séier gewuess[3].
Op den 31. Dezember 2022 hunn zu Beggen 3.800 Leit gewunnt, wouvun 30,45 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 69,55 % Auslänner[4].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 3 800 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 1 157 | 30,45 |
2 | Frankräich | 473 | 12,45 |
3 | Portugal | 393 | 10,34 |
4 | Italien | 206 | 5,42 |
5 | Russland | 144 | 3,79 |
6 | Belsch | 125 | 3,29 |
7 | Däitschland | 114 | 3,00 |
Rumänien | 114 | 3,00 | |
9 | Indien | 110 | 2,89 |
10 | Griicheland | 91 | 2,39 |
Top 10 | 2 927 | 77,03 | |
Aner Nationalitéiten | 873 | 22,97 |
Commons: Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.