Staat a Westeuropa From Wikipedia, the free encyclopedia
Frankräich (amtlech: République française, Franséisch Republik) ass en demokrateschen, zentralisteschen Eenheetsstaat am Weste vun Europa. Frankräich huet Grenze mat der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz, Italien, Monaco, Spuenien an Andorra. D'Küste vu Frankräich ginn iwwer den Atlantik mam Äermelkanal an d'Mëttelmier. Nieft dem Territoire an Europa huet Frankräich och eng Partie Iwwerséigebidder an der Karibik (ë. a. d'Martinique, d'Guadeloupe an een Deel vu Saint-Martin), Südamerika (Franséisch Guyane), virun der Küst vun Nordamerika (Saint-Pierre-et-Miquelon), am Indeschen Ozean (d'Réunion, d'Insel Mayotte), am Pazifik (Tahiti, Clipperton, asw.) an an Ozeanien (Nei-Caledonien, asw.). Ausserdeem erhieft Frankräich en Usproch op en Deel vun der Antarktis (Terre Adélie an arktesch Gebidder am déiwe Süde vum Indeschen Ozean (ë. a. d'Kerguelen-Inselen).
Franséisch Republik République française | |||||
| |||||
National Devise: Liberté, Égalité, Fraternité ("Fräiheet, Gläichheet, Bridderlechkeet") | |||||
Offiziell Sprooch: | Franséisch | ||||
Haaptstad: | Paräis | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Emmanuel Macron | ||||
• Premierminister: | Michel Barnier | ||||
Fläch: | 551 691 [1] km² | ||||
Bevëlkerung: | 68.373.433 [1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 105/km² | ||||
Nationalfeierdag: | 14. Juli | ||||
Nationalhymn: | La Marseillaise (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .fr | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+33 | ||||
Frankräich ass Grënnungsmember vun der UNO, wou et ee permanente Sëtz am Sécherheetsrot huet, vun der EU a vun der Atlantescher Allianz, respektiv NATO.
Am Ganzen huet dat „franséischt Mammeland” an Europa eng Fläch vu 543.965 km². Am franséische Landschaftsbild fënnt ee virun allem flaach Géigenden a kleng Hiwwelen am Norden a Westen. De Rescht ass mat Bierger bedeckt, Haaptbierger sinn d'Pyrenäen am Südwesten, de Massif central an d'Alpen am Südosten. Den héchste Bierg vu Frankräich - an och héchste Bierg vun den Alpen - ass de Mont Blanc (4.808 Meter). Wéinst senger Form gëtt Frankräich och l'Hexagone (Sechseck) genannt.
Déi mat Ofstand wichtegst a gréisst Stad a Frankräich ass d'Haaptstad Paräis mat ronn 12 Milliounen Awunner an der Agglomeratioun (Regioun Île-de-France). D'Groussraim ëm Marseille, Lille a Lyon hunn och méi wéi eng Millioun Awunner.
(Awunner Mäerz 2012)
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vu Frankräich.
D'aktuellt Frankräich besteet gréisstendeels aus dem anticke Gallien. Den Numm kënnt allerdéngs vun engem germanesche Vollek, de Franken, déi sech op de Lännereie vum Réimesche Räich néiergelooss hunn.
Eng éischt richteg Dynastie, déi eng Partie Territoire ënner dem Regnum Francorum vereenegt huet, waren d'Merowenger mam Kinnek Clovis am Joer 486. Ënner sengen Ierwe gouf d'Frankeräich awer nach dacks opgedeelt, duerch d'merowengesch Ierfschaftspolitik no där d'Kinnekräich nom Doud vum Kinnek ënner all de Jongen opgedeelt gëtt.
Eng zweet Dynastie, d'Karolenger, konnte sech am 8. Joerhonnert behaapten, an ënner dem Karel dem Groussen koum et zu engem grousse Keeserräich. No sengem Doud gouf d'Räich alt erëm opgedeelt, an aus der Francia occidentalis gouf dat spéidert Frankräich (d'Francia orientalis gëtt zum haitegen Däitschland).
D'Karolenger konnte sech nach bis 987 um franséischen Troun behaapten, ier d'Kapetenger mam Hugues Capet un d'Muecht komm sinn. Nodeem mam Philippe IV. d'Valois um franséischen Troun souzen, si schlussendlech d'Bourbonen mam Henri IV. d'Kinneke vu Frankräich bis zu der Franséischer Revolutioun bliwwen.
D'19. Joerhonnert war vu verschiddene Regimme markéiert, no der Convention nationale, dem Directoire an dem Consulat huet sech den Napoleon zum Keeser kréine gelooss. 1815 gouf an der sougenannter Restauratioun d'Monarchie nees agefouert, mä dëse System konnt sech a Frankräich net méi duerchsetzen. No engem Second Empire sinn d'Fransousen nees zu enger Republik iwwergaangen, enger Regierungsform déi sech bis haut, mat der fënnefter Republik, behaapte konnt.
Frankräich ass eng zentralistesch organiséiert Demokratie mat engem semi-presidentielle Regierungssystem. An der Constitutioun vun der V. Republik huet de Staatspresident, dee vum Vollek gewielt gëtt, eng staark Positioun. Hien ernennt de Premierminister an (op Rot vum Premierminister) déi aner Ministeren, huet vis-à-vis vu Gesetzesvirschléi vum Parlament e Veto-Recht, a kann d'Nationalversammlung opléisen. D'Parlament besteet aus zwou Kummeren, der Nationalversammlung (Assemblée nationale) mat 577 Deputéiert, déi vum Vollek gewielt ginn, an dem indirekt gewielte Senat mat 331 (no der Senatsreform 2010: 346) Memberen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Franséisch Politik an am Artikel Franséisch Regierung
Aktuelle President vun der Republik ass den Emmanuel Macron. Seng Partei LREM huet och d'Majoritéit an der Nationalversammlung (Assemblée nationale).
Am Senat hunn d'konservativ Parteien d'Majoritéit, ënnert anerem d'Republikaner.
Frankräich war 1949 Grënnungsmember vum Nordatlantiktraité a krut militäresche Schutz vun den USA. Wéi 1958 den de Gaulle un d'Muecht komm ass, hu sech d'Bezéiungen zu den USA, an zu der NATO, déi vun den USA dominéiert gouf, verännert. Ënner der Leedung vum de Gaulle huet sech Frankräich 1960 zu enger Atommuecht entwéckelt, an hat zanter 1965 mat der Force de Frappe och eng Atomsträitkraaft, déi 50 Fligere mat Atombommen an den Déngscht opgeholl huet. 1968 hat Frankräich schonn 18 Ofschossrampe fir Mëttelstreckerakéiten opgestallt, déi 1970 an 71 Atomsprengkäpp kruten. An de 70er Joren huet Frankräich seng Atommuecht och op d'Mier ausgebreet. Véier Atom-U-Booter hu jeeweils 16 atomar Mëttelstreckerakéiten.
An der aktueller Baussepolitik beméit sech Frankräich ëm gutt Relatioune mat sengem Noper Däitschland ("Käreuropa") a steet zesumme mat den Däitschen der Virmuechtstellung vun den USA skeptesch géintiwwer. Duerch dës Skepsis ass Frankräich 1966 bis Mäerz 2009 aus der militärescher Organisatioun vun der NATO ausgetrueden, mä ass awer am politeschen Deel weiderhin integréiert bliwwen.
Dobäi kënnt och en Engagement nom Enn vun der Kolonialherrschaft an Afrika, wou Frankräich bis haut a ville Länner d'Uerdnungsmuecht bliwwen ass. Frankräich ass ausserdeem Member am UNO-Sécherheetsrot mat Vetorecht.
D'Doudesstrof gouf a Frankräich 1981 ofgeschaaft.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Friemelegioun an am Artikel Gendarmerie nationale
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Frankräich ass a 26 Regiounen opgedeelt, déi hirersäits nees an 100 Departementer opgespléckt sinn. 22 vun deene Regioune sinn um europäesche Kärland (France métropolitaine), dorënner och d'Mëttelmierinsel Korsika, déi allerdéngs als Collectivité territoriale e Sonnerstatus huet. Déi aner véier Regioune bestinn aus jeeweils nëmmen engem Departement a ginn dohier Départements et régions d'outre-mer (D.R.O.M.) genannt (bis zu der Ännerung vun der Constitutioun am Joer 2003 Départements d'outre-mer, Ofk. D.O.M.). Am Eenzelen handelt et sech heibäi ëm Guadeloupe (971), Martinique (972), Guyane (973), La Réunion (974) a Mayotte (976)
Donieft gëtt et
D'D.R.O.M. si wéi dat franséischt Kärland Member vun der EU, fir d'T.O.M. gëllt dat net. Gesetzer aus Frankräich gëllen an den T.O.M. nëmme wann dat ausdrécklech ernimmt gëtt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Lëscht vun de franséischen Departementer an am Artikel Lëscht vun de franséische Regiounen
Traditionell ass a Frankräich d'Wirtschaftspolitik vu staarke staatlechen Agrëffer beaflosst. Dobäi spillt virun allem den historesche Merkantilismus - besonnesch de Colbertismus - eng wichteg Roll.
Frankräich ass eng sougenannt "Gemëscht Ekonomie", déi an de leschte Joren ëmmer méi dereguléiert a privatiséiert ginn ass. E staatleche Mindestloun, de SMIC, séchert den Ugestallten e Stonneloun vun 8,03 Euro. Schlësselindustrien, besonnesch d'Energiewirtschaft, sinn ënner staatlecher Kontroll. Frankräich ass e wichtege Produzent vun Atomstroum, Däitschland zielt zu de gréisste Clienten. A Frankräich ginn ongeféier 80 Prozent vum Elektresch mat Atomkraaftwierker produzéiert. Domat huet Frankräich nieft Litauen momentan (Ufank 2005) den héchste Prozentsaz un Atomstroumproduktioun op der Welt.
Wäin steet opgrond vun de ville Wäibaugebidder op fënnefter Plaz vun de franséischen Exporter: no Autoen, Fligeren, pharmazeutesche Produiten an Elektronik. Och den Tourismus spillt eng grouss Roll.
D'Bruttoinlandsprodukt (BIP) ass an der Moyenne vun 1995 bis 2005 ëm 2,1 % pro Joer an d'Luucht gaangen, an huet 2005 de Wäert vun 1.689,4 Milliarden Euro erreecht. Am Verglach mat dem BIP vun der EU kënnt Frankräich op en Index vun 111.4 (EU-25:100) (2003).1
2003 hu 4 % an der Land- a Forstwirtschaft souwéi der Fëscherei geschafft, an der Industrie ware 24 % beschäftegt, 72 % vun de Fransousen hunn am Déngschtleeschtungsberäich geschafft. 2004 louch d'Inflatioun bei 2,1 % an am Januar 2005 hat Frankräich 2.716.000 Aarbechtsloser (10 %).
ouni Banken a Versécherungen
Zum 1. Januar 2004 gouf d'Bevëlkerung, inkl. den Iwwerséigebidder, op 61,9 Millioune geschat. No Däitschland steet Frankräich an der EU domat op der zweeter Plaz, wat d'Bevëlkerungszuel ugeet. An der EU huet Frankräich e Bevëlkerungsundeel vun 13 %.
Am Joer 2003 koumen op 792.600 Gebuerten 560.300 Stierffäll, dat entsprécht engem Iwwerschoss vun 232.300 Persounen. 2004 louch de Gebuertentaux bei 1,9. Den 1. Januar 2004 ware 16,2 % vun der Bevëlkerung méi al wéi 65 Joer, géintiwwer 14,6 % am Joer 1994. Am selwechten Zäitraum ass den Undeel vun de Leit ënner 20 vu 26,7 % op 25,3 % gefall.
2003 hu sech 280.300 Leit bestuet, dat sinn der 6.000 (-2,1 %) manner wéi 2002. Den Duerchschnëttsalter louch bei de Männer bei 30,4 a bei de Frae bei 28,3 Joer.
D'Kannerstierflechkeet läit bei 4,29 ‰.
Den duerchschnëttleche männleche franséische Staatsbierger huet eng Liewenserwaardung vu 76,7 Joer, d'Frae kommen op 83,8 Joer.
Wéi a bal allen europäesche Staate gëtt et a Frankräich eng Bildungsflicht, déi am Géigesaz zu der Schoulflicht och duerch Hausunterrecht ofgeschloss ka ginn. A Frankräich gëtt et follgend Schoulformen:
Am Kader vun der europawäiter Harmoniséierung vun de Studien (Bologna-Prozess) gëtt och an de franséischen Héichschoulen den LMD-System agefouert. LMD bedeit, datt noenaner d'Licence respektiv Bachelor (no 3 Joer), de Master (no 5 Joer) an en Doktorat (no 8 Joer) ofgeschloss kënne ginn. Déi national Diplomer falen domat ewech.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséische Schoulsystem.
|
|
D'Awanderer vu verschiddenen Natiounen, virun allem aus Portugal, Osteuropa, dem Maghreb an allgemeng aus Afrika hunn hir Sprooche matbruecht. D'Zuel vun den Awanderer aus arabesche Länner gëtt op 4,5 Millioune geschat. Am Ënnerscheed zu den traditionelle Sprooche konzentréiere sech déi Sproochgemeinschafte besonnesch an de grousse Stied, mä et kann ee se kengem geneeë geographesche Gebitt zouuerdnen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Sproochepolitik.
Frankräich ass offiziell e laizistesche Staat, dat heescht, Staat a Reliounsgemeinschafte si komplett vunenaner getrennt. Well vu staatlecher Säit keng Daten iwwer d'Reliounszougehéieregkeet vun den Awunner erhuewe ginn, berouen all Informatiounen iwwer eng konfessionell Zesummesetzung vun der Bevëlkerung op Schätzungen oder Informatioune vun de Reliounsgemeinschafte selwer. Dofir si follgend Zuele mat der néideger Virsiicht ze genéissen.
Frankräich dréit den Éierentitel, déi eelst Duechter vun der Kierch ze sinn. 496 huet sech de Kinnek Clovis (Chlodwig I. > Ludwig/Louis)) no enger Victoire géint d'Alemannen an der Schluecht vun Tolbiac (Zülpich) zum éischte chrëschtlechen Herrscher vun Europa ernannt, a sech deefe gelooss.
83 % vun de Fransouse si kathoulesch (~ 51 Mio.) an 8 % si Moslemen (~ 4,8 Mio.). Dernieft gëtt et protestantesch a jiddesch Minoritéiten, déi knapps 4 % ausmaachen. 5 % hu keng Relioun, d'Tendenz geet an d'Luucht.
Commons: Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal Frankräich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Frankräich. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.