Regioun am westlechen Deel vum Atlanteschen Ozean From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Karibik ass eng Regioun am westlechen, tropeschen Deel vum Atlanteschen Ozean nërdlech vum Equator. Si besteet aus dem Karibesche Mier an den do geleeënen Inselen an Inselgruppen, de Westindeschen Inselen.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Karibik huet hiren Numm vum Vollek vun de Kariben, op dat déi spuenesch Eruewerer op de Klengen Antillen bei hiren Entdeckungsreese gestouss sinn.
An der Karibik lieft eng Mëschung vu Volleksgruppe mat am Ganze ronn 35 Millioune Leit. Nieft de wéinegen Urawunner, déi d'Eruewerung duerch d'Europäer iwwerlieft hunn, fënnt ee virun allem Mënsche vun afrikaneschen an europäeschen Originnen: Kreolen, Inder, virun allem op Trinidad an Tobago an zu Guyana, a Chineesen. Spuenesch an Englesch sinn d'Haaptsproochen déi vu 94 % vun den Awunner geschwat ginn, woubäi Spuenesch en Undeel vun ongeféier 70 % huet. Aner Sprooche si Franséisch, Hollännesch a Kreol.
Déi meescht Insele goufen an der Mëtt vum 20. Joerhonnert onofhängeg.
Follgend Inselgruppe sinn am Atlantik, ginn awer zur Karibik gezielt:
Follgend Staate gehéieren zwar geographesch zum südamerikanesche Festland, ginn awer opgrond vun hirer Kolonialgeschicht an hire Wirtschafts- a Verkéiersbezéiungen heefeg mat zur Karibik gerechent:
Commons: Karibik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.