Grenada
Inselstaat an der Karibik From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Grenada, op Englesch offiziell State of Grenada, ass en Inselstaat a Mëttelamerika. D'Haaptstad ass St. George's.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Inselstaat an der Karibik. Fir aner Definitioune mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Granada (Homonymie). |
D'Insel gehéiert zu den Inselen iwwer dem Wand a läit tëscht der Karibik an dem Atlanteschen Ozean, ronn 200 km nërdlech vun der Küst vu Venezuela a südlech vu Saint Vincent an d'Grenadinnen.
Grenada ass Member vum Commonwealth of Nations.
De Staat besteet aus verschiddenen Insele vum Archipel vun de Grenadinnen, engem Deelarchipel vun de Klengen Antillen, vun deenen d'Insel Grenada selwer déi gréisst ass. Méi kleng Insele Si Carriacou, Petite Martinique, Ronde Island, Caille Island, Diamond Island, Large Island, Saline Island, Les Tantes a Frigate Island. Déi Inselen, déi méi nërdlech leien, gehéieren zum Nopeschstaat Saint Vincent an d'Grenadinnen. De gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft op der Haaptinsel Grenada, op där och d'Haaptstad Saint George's, läit.
Remove ads
Geschicht
Grenada gouf 1498 vum Kolumbus entdeckt, deen d'Insel „Concepción“ genannt hat. Den Urspronk vum Numm „Grenada“ ass net bekannt, et gëtt awer ugeholl datt d'Insel méi spéit vu spuenesche Séifuerer no der Stad Granada ëmbenannt gouf.
Sproochen
Déi offiziell Sprooch op Grenada ass Englesch, do dernieft gëtt och Kreolesch geschwat.
Staats- a Regierungsform
Grenada ass eng Parlamentaresch Monarchie.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Grenada – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
