zweetgréisst Weltmier From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Atlanteschen Ozean (kuerz: Atlantik) ass nom Pazifik dat zweetgréisst Weltmier.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Atlantik ass duerch d'Deelung vum zesummenhängenden Urkontinent entstanen an trennt Europa an Afrika vun Amerika. Mat sengen Niewemierer (Mëttelmier, Nordséi an Ostséi) huet den Ozean eng Fläch vun zirka 106,2 Mio. km² a bedeckt e Fënneftel vun der Äerduewerfläch. De Mieresbuedem ass duerch de Mëttelatlantesche Réck, dee bis zu 3000 m iwwer dem Buedem am déiwe Mier eropgeet, an eng West- an Ostatlantesch Muld getrennt. Déi maximal Déift gëtt mat 9.219 m am Milwaukeedéift, engem Dall vum Puerto-Rico-Gruef (Puerto Rico) erreecht. De Golfstroum, deen aus der Karibik kënnt a queesch iwwer den Atlantik bis no Grönland zitt, ass fir dat relativ mëllt Klima un den nordeuropäesche Küste verantwortlech.
Den Atlantik ass, wéinst dem intensive Schëffverkéier op den Niewemierer an dem Transitverkéier tëscht Europa an Nordamerika, dat Weltmier mam meeschte Verkéier.
Den Numm geet op déi griichesch Mythologie zeréck: Atlantis thalassa (Griichesch: Aτλαντiς θάλασσα; lu.: "Mier vum Atlas"), déi sech déi éischt Kéier beim Herodot fënnt (Hdt. I 202,4),[1] hunn d'Griichen d'Mier déi Säit vun de sougenannte Saile vum Herakles, d. h. westlech vun der Strooss vu Gibraltar, genannt.
Den duerchschnëttleche Salzgehalt vum Atlanteschen Ozean läit bei zirka 3,54 %, wärend en am Pazifik bei 3,45 % an am Indeschen Ozean bei 3,48 % läit.
Commons: Atlanteschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.