Surinam
Republik an Südamerika From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Republik Surinam, och Surinam (Hollännesch: Republiek Suriname [repyˈbli:k syɾiˈna:mə]; Sranan Tongo: Sranan [sra:ˈnaŋ]) läit a Südamerika, op der Nordwestküst vum Atlanteschen Ozean bei 4° Nord a 56° West. D'Land grenzt am Osten u Franséisch-Guayana, am Süden u Brasilien an am Westen u Guyana. Den Numm Surinam kënnt warscheinlech vum Stamm vun de Surinen, deen duerch d'Arawaken aus dësem Gebitt verdriwwe gouf. De 25. November 1975 gouf Surinam onofhängeg vun Holland. Zanterhier si vill Surinamer an Holland ausgewandert.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Republik Surinam | |||||
| |||||
| National Devise: Justitia - Pietas - Fides ("Gerechtegkeet - Flicht - Trei") | |||||
| Offiziell Sprooch: | Hollännesch | ||||
| Haaptstad: | Paramaribo | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Jennifer Simons | ||||
| Fläch: | 163 820[1] km² | ||||
| • Dovu Waasser: | 1,1 % | ||||
| Bevëlkerung: | 492 829[2] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 3/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | vun Holland, de 25. November 1975 | ||||
| Nationalfeierdag: | 25. November | ||||
| Nationalhymn: | God zij met ons Suriname | ||||
| Wärung: | Surinam-Dollar (SRD) | ||||
| Zäitzon: | UTC -4 | ||||
| Internet TLD: | .sr | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+597 | ||||
Remove ads
Geographie
Surinam ass mat enger Fläch vun 163.820 km² dat klengst onofhängegt Land vu Südamerika.
Klima
D'Klima huet en tropesche Charakter. Ufank Dezember bis Ufank Februar ass déi sougenannt kleng Reenzäit- an Enn Abrëll bis Mëtt August déi grouss Reenzäit. Dertëscht leie vun Ufank Februar bis Enn Abrëll déi kleng Dréchenzäit a vu Mëtt August bis Ufank Dezember déi grouss Dréchenzäit. Déi duerchschnëttlech Temperatur variéiert tëscht 24 a 36 Grad Celsius.
Remove ads
Sprooch
Déi offiziell Sprooch a Surinam ass Hollännesch.
Literatur
- C.F.A. Bruijning an de J. Voorhoeve (Ed.): Encyclopedie van Suriname, Amsterdam a. Bréissel, 1977, B.V. Uitgeversmaatschappij Argus Elsevier
Um Spaweck
| Commons: Surinam – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Lescht Vollekszielung den 2. August 2004. (Quell: Vereent Natiounen)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

