Franséisch Süd- an Antarktisgebidder

franséischt Iwwerséigebitt From Wikipedia, the free encyclopedia

Franséisch Süd- an Antarktisgebidder

D'franséisch Süd- an Antarktisgebidder (franséisch: Terres australes et antarctiques françaises, ofgekierzt TAAF), sinn e franséischt Iwwerséigebitt mat besonneschem Status (Collectivité sui generis).

Franséisch Süd- an
Antarktisgebidder

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Thumb
Offiziell Sprooch: Franséisch
  Koordinaten: 43° 0’ 0’’ S
      67° 0’ 0’’ E
Staatsform: Iwwerséigebitt mat besonneschem Status
Fläch: 7.829 km²
Bevëlkerung: 196
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +4, +5, +10
Internet TLD: .tf
Thumb

Den Territoire besteet aus fënnef verschiddenen Distrikter :

  • Crozetinselen,
  • Kerguelen,
  • Verspreet Inselen am Indeschen Ozean,
  • Sankt Paul an Amsterdam,
  • Adélieland.

D'franséisch Süd- an Antarktisgebidder leien all am südlechen Indeschen Ozean ausser dem Adélieland, dat am Antarkteschen Ozean, direkt südlech vum Indeschen Ozean läit.

Déi dräi historesch Distrikter (Crozet, Kerguelen, Sankt Paul an Amsterdam) begräifen hautdesdaags dat gréisst Naturschutzreservat vu Frankräich an ee vun de gréisste Mieresschutzgebitter vun der Äerd. De Perimeter vum Naturschutzgebitt steet zanter dem 5. Juli 2019 op der UNESCO Lëscht vum Weltierwen.

Thumb

Um Spaweck

Commons: Franséisch Süd- an Antarktisgebidder – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.