Dës Säit befaasst sech mam Joer 2013.
D'Joer 2013 huet op engem Dënschdeg ugefaangen.
EU-Bäitrëtt vu Kroatien
Europa
26. Januar : De Miloš Zeman gëtt am zweeten Tour zum President vun Tschechien gewielt. Hien trëtt säin Amt den 8. Mäerz un.
6. Februar : D'politesch Partei Alternative für Deutschland gëtt gegrënnt.
24. Februar : Den Nikos Anastasiades gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen an Zypern .
24. -25. Februar : Parlamentswalen an Italien , no vill Gedeessems gëtt den 29. Abrëll d'Regierung vum Enrico Letta (PD) vereedegt.
27. Februar : Konstruktive Mësstrauensvote géint dem Janez Janša seng Regierung a Slowenien ; d'Alenka Bratušek gëtt Ministerpresidentin vun enger neier Koalitioun, déi den 20. Mäerz vum Parlament confirméiert gëtt.
0 9. Mäerz : A Malta gewënnt déi oppositionell Labour Party mat un der Spëtzt dem Joseph Muscat mat 39 vun 69 Sëtz d'Parlamentswalen.
13. Mäerz : Den Argentinier Jorge Mario Bergoglio gëtt, nom Récktrëtt vum Benoît XVI. den 28. Februar, als Poopst Franciscus zum neie Chef vun der kathoulescher Kierch gewielt.
27. Mäerz : Den Adrian Hasler gëtt, no de Parlamentswalen, nei Premierminister a Liechtenstein .
0 7. Abrëll : De Filip Vujanović gëtt zum President vu Montenegro erëmgewielt.
20. Abrëll : Den Giorgio Napolitano gëtt zum President vun der Republik Italien erëmgewielt.
27. Abrëll : An Island gewënnt déi oppositionell Mëtt-Riets-Koalitioun d'Parlamentswalen. De Sigmundur Gunnlaugsson trëtt den 22. Mee als Premierminister säin Amt un.
30. Abrëll : D'Kinnigin Beatrix I. vun Holland trëtt zu Gonschte vun hirem Jong Willem-Alexander zeréck.
12. Mee : Neiwalen a Bulgarien nom Récktrëtt vum Premier Bojko Borissow , de Plamen Orescharski gëtt den 29. Mee zum neie Premierminister ernannt.
15. Mee : De Iurie Leancă gëtt Premierminister a Moldawien .
Uganks Juni: Schro Iwwerschwemmungen a Südostdäitschland, Tschechien an Deeler vun Éisträich an de Basenge vun Donau an Elbe ; ëm déi 30 Leit kommen ëm d'Liewen.
25. Juni : De Jiří Rusnok gëtt, nom Récktrëtt vum Petr Nečas , zum neie Premierminister an Tschechien ernannt; seng Regierung gëtt den 10. Juli vereedegt, kritt awer schonn de 7. August vum Parlament d'Vertrauen entzunn.
0 1. Juli : Kroatie gëtt den 28. Memberstaat vun der Europäescher Unioun .
21. Juli : De belsche Kinnek Albert II. trëtt zu Gonschte vu sengem Jong Philippe zeréck.
24. Juli : En Zuch entgleist bei Santiago de Compostela , 79 Leit stierwen an iwwer duebel sou vill ginn der blesséiert.
10. September : D'Parlamentswalen an Norwegen gi vun der liberal-konservativer Oppositioun gewonnen, d'Høyre - an d'Fortschrëttspartei (Fremskrittspartiet ) forméieren eng nei Regierung ënner der Premierministesch Erna Solberg , déi den 18. Oktober ageschwuer gëtt.
10. September : Den Edi Rama gëtt Ministerpresident vun Albanien .
22. September : Bei de Parlamentswalen an Däitschland gewënnt d'Unioun vun CDU/CSU ënner der Kanzlerin Angela Merkel .
30. September : Parlamentswalen an Éisträich .
0 1. Oktober : Viru Lampedusa geet e Boot mat Flüchtlingen aus Afrika ënner, iwwer 300 Leit erdrénken.
19. Oktober : Bei engem Fligeraccident zu Gelbressée an der Provënz Namouer kommen eelef Leit ëm d'Liewen.
25. /26. Oktober : Virgezunne Parlmanetswalen an Tschechien; ČSSD an ANO 2011 kréien déi meescht Stëmmen.
21. November : Zu Riga , a Lettland , stierwen iwwer 50 Mënschen, wéi den Daach vun engem Shopping-Center an e Koup fält.
16. Dezember : Éisträich: D'Regierung Faymann II, eng grouss Koalitioun aus SPÖ an ÖVP, gëtt vereedegt. De Werner Faymann (SPÖ) gëtt nees Bundeskanzler .
17. Dezember : Däitschland: D'Regierung Merkel III, eng grouss Koalitioun aus CDU/CSU an SPD, gëtt vereedegt.
Lëtzebuerg
10. Juli : De Jean-Claude Juncker deklaréiert an der Chamber d'fréizäitegt Enn vun der Regierung Juncker-Asselborn II , nodeem kloer gouf, datt se, no der Publikatioun vum Rapport vun der SREL -Enquêtekommissioun, keng Ënnerstëtzung vun der LSAP -Fraktioun méi hätt.
20. Oktober : Bei de Virgezunne Chamberwale kritt d'CSV 23 Sëtz (-3), d'LSAP der 13 (+/-0), d'DP der 13 (+3), déi Gréng der 6 (-1), d'ADR der 3 (-1), déi Lénk der 2 (+1), iwwerdeems KPL , Piratepartei a PID kee Sëtz kréien.
0 4. Dezember : Vereedegung vun der Regierung Bettel-Schneider , enger Koalitioun tëscht DP, LSAP an deene Gréngen .
Arabesch Welt an Noen Osten
Kino
César fir de beschte Film fir dem Michael Haneke säin Amour .
Oscar fir de beschte Film fir dem Ben Affleck säin Argo
Gëlle Palm fir de beschte Film fir dem Abdellatif Kechiche säi La vie d'Adèle .
Lëtzebuerg
0 5. Februar : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Valence 1:1 géint Armenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[1]
22. Mäerz : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014 , 0:0 géint den Aserbaidjan.[2]
26. Mäerz : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Finnland.[3]
27. Mee -1. Juni : Bei de Spiller vun de klenge Länner , déi zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, gewannen déi Lëtzebuerger Sportler déi meescht Medailen.
0 7. Juni : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Baku , am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:1 géint den Aserbaidjan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Bensi geschoss.[4]
14. August : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Litauen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Aurélien Joachim an de Stefano Bensi geschoss.[5]
0 6. September : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kazan (Russland ), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:4 géint Russland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[6]
10. September : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 3:2 géint Nordirland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Aurélien Joachim, Stefano Bensi a Mathias Jänisch geschoss.[7]
11. Oktober : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:4 géint Russland.[8]
15. Oktober : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Coimbra (Portugal ), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:3 géint Portugal.[9]
17. November : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, bei engem Frëndschaftsmatch, 1:4 géint Montenegro.[10]
0 4. Januar : Thomas Holtzmann , däitsche Schauspiller.
0 9. Januar : James M. Buchanan , US-amerikaneschen Ekonomist.
12. Januar : Jean Krier , lëtzebuergeschen Dichter.
13. Januar : Laurent Koster , lëtzebuergesche Bariton.
14. Januar : Conrad Bain , US-amerikanesche Schauspiller.
15. Januar : Nagisa Oshima , japanesche Regisseur.
17. Januar : Rolf Wilhelm , däitsche Komponist an Dirigent.
19. Januar : Stewart Sharpless , US-amerikaneschen Astronom.
21. Januar : Michael Winner , brittesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
0 5. Februar : Gast Michels , lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
13. Februar : Georges Wohlfart , lëtzebuergesche Politiker.
15. Februar : Dominique Chaussois , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
20. Februar : Jean Ley , eelste Lëtzebuerger.
21. Februar : Auguste-Charles Laval , lëtzebuergeschen Entreprener.
22. Februar : Josy Asselborn , lëtzebuergesche Museksprofesser a Komponist.
22. Februar: Wolfgang Sawallisch , däitschen Dirigent a Pianist.
22. Februar: Boramy Tioulong , franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
26. Februar : Marie-Claire Alain , franséisch Organistin.
27. Februar : Stéphane Hessel , franséischen Diplomat, Resistenzler an Auteur.
27. Februar: Dale Robertson , US-amerikanesche Schauspiller.
0 1. Mäerz : Jacques Bach , lëtzebuergesche Foussballspiller.
0 4. Mäerz : Jérôme Savary , franséische Regisseur.
0 5. Mäerz : Hugo Chávez , venezuelanesche Politiker.
0 5. Mäerz: Aly Schroeder , lëtzebuergesche Politiker.
0 8. Mäerz : Damiano Damiani , italieenesche Regisseur an Auteur.
11. Mäerz : Raymond Kirsch , lëtzebuergesche Jurist an Ekonomist.
12. Mäerz : Robert Castel , franséische Soziolog.
13. Mäerz : Rosemarie Fendel , däitsch Schauspillerin a Synchronspriecherin.
17. Mäerz : Annette Schwall-Lacroix , lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.
28. Mäerz : Richard Griffiths , brittesche Schauspiller.
0 4. Abrëll : Roger Ebert , US-amerikanesche Filmkritiker.
0 4. Abrëll: Carmine Infantino , US-amerikanesche Comicszeechner.
0 8. Abrëll : Sara Montiel , spuenesch Schauspillerin.
0 8. Abrëll: Margaret Thatcher , brittesch Politikerin.
10. Abrëll : Robert Edwards , brittesche Physiolog an Nobelpräisdréier.
11. Abrëll : Jonathan Winters , US-amerikanesche Schauspiller.
22. Abrëll : Vivi Bach , dänesch Sängerin, Schauspillerin an TV-Moderatorin.
22. Abrëll: Richie Havens , US-amerikanesche Folk-Sänger.
26. Abrëll : Adalbert Boros , ungareschen Ingenieur.
27. Abrëll : Jean-Paul Frisch , lëtzebuergesche Museker a Komponist.
0 2. Mee : Norbert Thill , lëtzebuergesche Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.
0 4. Mee : Christian de Duve , belsche Biolog an Nobelpräisdréier.
0 6. Mee : Giulio Andreotti , italieenesche Politiker.
0 7. Mee : Ray Harryhausen , US-amerikanesche Filmproduzent an Tricktechniker.
0 7. Mee: Lotte Koch , däitsch Schauspillerin.
0 8. Mee : Bryan Forbes , brittesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur
0 9. Mee : Alfredo Landa , spuenesche Schauspiller.
17. Mee : Philippe Gaumont , franséische Vëlossportler.
17. Mee: Jorge Videla , argentinesche Militär a Staatschef.
20. Mee : Ray Manzarek , US-amerikanesche Museker.
23. Mee : Georges Moustaki , franséische Chansonnier.
28. Mee : Eddi Arent , däitsche Schauspiller.
0 6. Juni : Esther Williams , US-amerikanesch Schauspillerin a Schwëmmerin.
0 6. Juni: Edmond Pepin , lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.
0 7. Juni : Pierre Mauroy , franséische Politiker.
0 9. Juni : Walter Jens , däitsche Schrëftsteller an Historiker.
15. Juni : José Froilán González , argentinesche Formel-1 Fuerer.
16. Juni : Hans Hass , éisträichesche Biolog an Dauchpionéier.
16. Juni: Will Hoffmann , lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
19. Juni : James Gandolfini , US-amerikanesche Schauspiller.
19. Juni: Gyula Horn , ungaresche Politiker.
26. Juni : Bert Stern , US-amerikanesche Fotograf.
30. Juni : Roger Kahane , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
0 2. Juli : Douglas C. Engelbart , US-amerikaneschen Erfinder.
0 7. Juli : Charles Sowa , lëtzebuergesche Sportler.
12. Juli : Pran , indesche Schauspiller.
21. Juli : Denys de La Patellière , franséische Filmregisseur.
25. Juli : Bernadette Lafont , franséisch Schauspillerin.
26. Juli : J. J. Cale , US-amerikanesche Museker.
27. Juli : Michel Lemoine , franséische Schauspiller a Filmregisseur.
31. Juli : Michael Ansara , US-amerikanesche Schauspiller.
0 5. August : George Duke , US-amerikaneschen Jazzmuseker.
0 8. August : Karen Black , US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
19. August : Russell Doughten , US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
26. August : Luigi Lucchini , italieeneschen Entreprener.
29. August : Bruce C. Murray , US-amerikanesche Geolog a Planetolog.
30. August : Seamus Heaney , iresche Schrëftsteller.
0 2. September : Ronald Coase , britteschen Ekonomist; Nobelpräisdréier.
0 9. September : Alberto Bevilacqua , italieeneschen Auteur, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Journalist.
11. September : Nic Weber , lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
12. September : William A. Graham , US-amerikanesche Filmregisseur.
12. September: Otto Sander , däitsche Schauspiller.
18. September : Marcel Reich-Ranicki , däitsche Literaturkritiker.
18. September: Richard C. Sarafian ,US-amerikanesche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
22. September : Paul Kuhn , däitsche Museker a Schauspiller.
28. September : Marc Faber , lëtzebuergesche Schauspiller.
0 1. Oktober : Tom Clancy , US-amerikanesche Schrëftsteller.
0 1. Oktober: Giuliano Gemma , italieenesche Schauspiller.
0 4. Oktober : Võ Nguyên Giáp , vietnameesesche Generol a Politiker.
0 5. Oktober : Carlo Lizzani , italieenesche Filmregisseur.
0 7. Oktober : Patrice Chéreau , franséische Regisseur a Schauspiller.
0 9. Oktober : Daniel Duval , franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
0 9. Oktober: Norma Bengell , brasilianesch Schauspillerin a Filmregisseurin.
10. Oktober : Wilfried Martens , belsche Politiker.
11. Oktober : Pierre Massimi , franséische Schauspiller.
12. Oktober : George Howard Herbig , US-amerikaneschen Astronom.
16. Oktober : Ed Lauter , US-amerikanesche Schauspiller.
19. Oktober : Georges Descrières , franséische Schauspiller.
21. Oktober : Aldo Bolzan , lëtzebuergesche Vëlossportler.
23. Oktober : Mathias Greisch , lëtzebuergesche Politiker.
25. Oktober : Hal Needham , US-amerikanesche Cascadeur, Filmregisseur a Schauspiller.
27. Oktober : Lou Reed , US-amerikanesche Museker.
27. Oktober: Luigi Magni , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
28. Oktober : Tadeusz Mazowiecki , polnesche Journalist a Politiker.
29. Oktober : Michel Heintz , lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
0 4. November : Hans von Borsody , däitsche Schauspiller.
0 7. November : Manfred Rommel , däitsche Politiker.
0 7. November: Yvonne Frisch-Urbany , lëtzebuergesch Autorin.
0 9. November : Jacques Besnard , franséische Filmregisseur, Dréibuchauter a Schauspiller.
12. November : John Tavener , englesche Komponist.
13. November : Eugène Hanck , lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
13. November: Maurice Sarfati , franséische Schauspiller.
17. November : Doris Lessing , brittesch Schrëftstellerin.
19. November : Frederick Sanger , brittesche Cheemiker an Nobelpräisdréier.
20. November : Dieter Hildebrandt , däitsche Kabarettist.
22. November : Georges Lautner , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
24. November : Josy Schlang , NS-Affer, leschte lëtzebuergeschen Zäitzeie vun Auschwitz.
26. November Tony Musante , US-amerikanesche Schauspiller.
27. November : Lewis Collins , englesche Schauspiller.
30. November : Chris Howland , brittesche Schlagersänger, Radio- a Fernseemoderator a Schauspiller.
0 5. Dezember : Nelson Mandela , südafrikanesche Biergerrechtler, Politiker a President.
0 7. Dezember : Edouard Molinaro , franséische Filmregisseur.
12. Dezember : Audrey Totter , US-amerikanesch Filmschauspillerin.
14. Dezember : Louis Soulanes , franséische Filmregisseur.
14. Dezember: Peter O'Toole , iresche Schauspiller.
15. Dezember : Joan Fontaine , US-amerikanesch Schauspillerin.
17. Dezember : Conny van Rietschoten , hollännesche Seegelsportler.
17. Dezember: Robert Weides , lëtzebuergeschen Ekonomist.
20. Dezember : Jean Turk , lëtzebuergeschen Ingenieur a Mykolog.
26. Dezember : Marta Eggerth , ungaresch-US-amerikanesch Schauspillerin.
27. Dezember : Erica Beer , däitsch Schauspillerin.
28. Dezember : Halton Arp , US-amerikaneschen Astronom.
29. Dezember : Many Arnold-Leurs , lëtzebuergesch Molerin.
29. Dezember: Wojciech Kilar , polnesche Komponist.