29. Oktober

Datum From Wikipedia, the free encyclopedia

Den 29. Oktober ass den 302. Dag (303. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

12345
6789101112
13141516171819
20212223242526
2728293031  

Evenementer

  • 1268: Zu Neapel gëtt de Konradin vu Schwaben, Jong vum Keeser Konrad IV., leschte Vertrieder vun der Stauferdynastie gekäppt.
  • 1787: Zu Prag gëtt d'Oper Don Giovanni vum Mozart fir d'alleréischt opgefouert.
  • 1888: D'international Suezkanalkonventioun gëtt zu Konstantinopel ënnerschriwwen. De Suezkanal gëtt internationaalt Gewässer.
  • 1911: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt hiren éischten offizielle Lännermatch, de Géigner ass Frankräich. Lëtzebuerg verléiert 1:4 an den Albert Elter schéisst den éischte Gol.[1]
  • 1918: D'Besatzung vun der Héichséiflott zu Wilhelmshaven refuséiert un enger aussiichtsloser Séischluecht deelzehuelen. Dëst ass den Ausléiser vun der November-Revolutioun, déi zum Ausruffe vun der Republik féiert.
  • 1950: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[2]
  • 1956: No der Verstaatlechung vum Suezkanal duerch Egypten falen israeelesch Truppen an d'Sinaï-Hallefinsel an: domat fänkt de Suezkrich un.
  • 1976: Den SED-Chef Erich Honecker gëtt Staatsrotvirsëtzenden an domat Staatschef vun der DDR.
  • 1992: Den Feltrinelli-Präis geet un den amerikanesche Lyriker John Ashberry.
  • 1999: En Zyklon zerstéiert den indesche Bundesstaat Orissa. Op d'mannst 15.000 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
  • 2002: De Max-Delbrück-Centrum Berlin-Buch deelt mat, datt de Wëssenschaftler Felix Knauf d'Funktiounsweis vun enger Genmutatioun bei enger Fruuchtméck Drosophila melanogaster beschriwwen huet. Dës Mutatioun verlängert d'Liewe vun der betraffener Méck ongeféier ëm dat duebelt op véier Wochen.
  • 2003: An der Offallsgrouf beim Elterenhaus vum Martin Luther zu Mansfeld fannen Archeologen e spektakuläre Sëlwermënzeschatz mat iwwer 150 Geldstécker.
  • 2004: Zu Roum gëtt den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa ënnerschriwwen.

Wëssenschaft an Technik

Astronomie

Gebuer

Gestuerwen

Feierdeeg

Um Spaweck

Commons: 29. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.