US-amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Grant Aitken, gebuer den 31. Dezember 1864 zu Jackson, Kalifornien, USA, gestuerwen den 29. Oktober 1951 zu Berkeley, USA, war en US-amerikaneschen Astronom.
Robert Grant Aitken | |
---|---|
Gebuer |
31. Dezember 1864 Jackson |
Gestuerwen |
29. Oktober 1951 Berkeley |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Williams College |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | National Academy of Sciences |
Tëscht 1895 an 1935 huet den R.G. Aitken am Lick-Observatoire a Kalifornie geschafft a gouf do, vun 1930 bis 1935, Direkter
Hie war spezialiséiert op d'Observatioun vun Duebelstären, vun deenen hien 3.100 nei Koppelen entdeckt hat. Am Joer 1923 huet hien ee schwaache Begleeder vum der Mira entdeckt. Säin Haaptwierk, dat hien zesumme mam W. J. Hussey opgestallt hat, ass den zweebännegen "New General Catalogue of Double Stars within 120 degrees of the North Pole". Am Katalog sinn Informatiounen iwwer 17.180 Duebelstären, an e gouf am Joer 1932 publizéiert. Eng zweet wichteg Publikatioun war "The Binary Stars" vun 1918 (zweet vergréissert Editioun 1935).
Nieft senge Publikatiounen huet hien och d'Bunne vu Koméiten, Mounden an Asteroide vermooss a berechent.
Am Joer 1932 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. En Asteroid (Nr. 3070) an e Moundkrater op der Récksäit vum Äerdmound sinn no him genannt ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.