Dës Säit befaasst sech mam Joer 1817.
Lëtzebuerg
- De Wëllem I. gëtt e Reglement eraus fir a senge Gebidder (Vereenegt Nidderlanden & Groussherzogtum Lëtzebuerg) Lycéeën ze bauen. De Stater Kolléisch, deen tëschent 1603 a 1773 vun de Jesuitte geféiert gi war, duerno vun der jeweileger staatlecher Autoritéit oder vun der Gemeng Lëtzebuerg, gëtt zum Athenäum.
- Am Athenäum gi Franséisch an Hollännesch d'Haaptsproochen; Däitsch ass fakultativ.
- De Kinnek-Groussherzog ernennt de Jean-Georges Willmar zum Gouverneur vum Groussherzogtum.
- De badesche Fierschter Karl Friedrich Drais presentéiert säi Velociped, e Virleefer vum Vëlo.
- D'Raddampschëff "Savannah" fiirt als éischt Dampschëff duerch den Atlantik
- 11. Januar: Alexandre Moris, lëtzebuergesche Professer a Geolog.
- 03. Februar: Jean Linden, lëtzebuergesche Botaniker.
- 17. Februar: Édouard Thilges, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Februar: Jean Henri Willibrord Gomand, lëtzebuergeschen Zeechner, Graveur a Medailleur.
- 17. Februar: Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 27. Mäerz: Carl Wilhelm von Nägeli, Schwäizer Botaniker.
- 15. Abrëll: Michel Sopher, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 01. Mee: Jean-Pierre Schmit, lëtzebuergesche Moler.
- 02. Mee: Christian Kauder: lëtzebuergesche Missionnaire.
- 13. Juli: Alphonse Nothomb, belsche Jurist a Politiker.
- 17. Juli: Antoine Hartmann, lëtzebuergeschen Architekt.
- 18. Juli: Joseph Robert Lenné, däitschen Agronom.
- 24. Juli: Adolphe vun Nassau, dee Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf.
- 24. Juli: Charles Joseph du Pasquier, franséischen Offizéier a Politiker.
- 05. August: Carl Friedrich Zimmermann, däitschen Instrumente-Bauer; Erfinder vum Bandoneon.
- 14. September: Theodor Storm, däitsche Schrëftsteller.
- 03. Oktober: Nicolas Wies, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer, Geolog an Auteur.
- 10. Oktober: Théodore Goerens, Lëtzebuergesche Professer.
- 29. Oktober: Antoine Godart, lëtzebuergesche Pedagog.
- 26. Oktober: Jean-Charles Alphand, franséischen Ingenieur.
- 27. November: Pierre Claude, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. November: Theodor Mommsen, däitschen Historiker.