From Wikipedia, the free encyclopedia
E Lycée ass, am Prinzip, eng Secondairesschoul.
Deen Typ vun ëffentlecher Schoul gouf ënner dem Consulat vum Generol Bonaparte mam Gesetz vum 11. Floréal vum Joer X agefouert, fir zukënfteg gutt Staatsbeamten an Offizéier fir de franséische Staat ze produzéieren. Donieft hu weiderhi sougenannt Collèges bestanen, déi vun enger Gemeng oder vu Privatpersoune finanzéiert a kontrolléiert goufen.
De Begrëff Lycée geet op dem griichische Philosoph Aristoteles seng "Schoul" zu Athen zeréck. Déi "Schoul" war a Wierklechkeet ee Gymnasion (Sportsanlag) am Nordoste vun Athen, deen no engem hellege Bësch, wou de Gott "Apollon Lykeios" (a Wollefsgestalt < gr. "lykos" = Wollef) veréiert gouf, Lykeion geheescht huet.
Deen Typ vu Schoul ass ënner dem Napoléon I. sengem imperiale Regime och deelweis an den eruewerte Gebidder verbreet ginn.
An de Benelux-Länner gëtt et zanter 1816-1817 sougenannt Athénées. Deen Typ vu Secondairesschoul gouf vum deemolegen hollännesche Regime, ënner dem Wëllem I., an deene Provënzhaaptstied ageriicht, déi keng Universitéit haten (z. B. Bruges, Bréissel, Mons a d'Stad Lëtzebuerg, sou wäit d'Groussherzogtum Lëtzebuerg wéi eng hollännesch Provënz behandelt gouf).
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Haut steet de Begrëff "Lycée" a Frankräich just fir den ieweschten Zyklus vum Secondaire. Den ënneschten Zyklus gëtt Collège genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.