Benelux

wirtschaftspolitesch Associatioun From Wikipedia, the free encyclopedia

Benelux
Remove ads

Benelux, ass eng wirtschaftspolitesch Associatioun vun der Belsch, Lëtzebuerg an Holland. Dës Bezeechnung ass en Akronym, dee sech zesummesetzt aus den éischte Buschtawe vu Belgique (België), Nederland a Luxembourg.

Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen Geschicht vun de Benelux-Länner ...

De Benelux spigelt de Wëlle vu klenge Länner erëm, vun de Virdeeler vu grousse Wirtschaftstrainen ze profitéieren. Se gouf an Etappe realiséiert:

Thumb
Benelux-Länner
  • 1944: Éischt Konventioun, déi eng Zollunioun tëscht den dräi Länner kreéiert huet,
  • 1946: Confirmatioun vun dëser Unioun,
  • 1958: Den Traité vu La Haye (3. Februar 1958) completéiert dëst Ofkommes a gesäit d'Schafung vun der Wirtschaftsunioun Benelux vir. E war op 50 Joer ausgeluecht an ass den 1. November 1960 a Kraaft getrueden.

De 17. Juni 2008 gouf en neie Benelux-Traité zu Den Haag ënnerschriwwen. E gesäit ë. a. fir den Numm Union économique Benelux an Union Benelux ëmzeänneren, fir den erweiderte Kompetenzen iwwer déi ekonomesch eraus Rechnung ze droen.[1]

Déi Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war Virbild a Virleefer vum Benelux.

D'Benelux-Unioun huet fënnef Institutiounen:

Remove ads

Literatur

  • Michel Erbe, Belgien - Niederlande - Luxemburg: Geschichte des niederländischen Raumes ; Stuttgart, Berlin & Köln, Verlag W. Kohlhammer, 1993; 353 S. (Kaarten, 1 genealogesch Tafel, Bibliographie); ISBN 3-17-010976-6
  • Henri Bernard,Terre commune - Histoire des pays de Benelux, microcosme de l'Europe ; Turnhout (Verlag Brepols), 1961 (2. Ausgab).
  • Pascal Dayez-Burgeon, Belgique, Nederland, Luxembourg ; Paräis (Belin; collection "Histoire Belin Sup"), 1994; 320 S. (Kaarten, Tableauën, Bibliographie); ISBN 2-7011-1374-1
Remove ads

Kuckt och

Referenzen

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads