From Wikipedia, the free encyclopedia
Austrasien (och Austrien) war den Numm vum ëstlechen Deel vum Frankeräich. De westleche gëtt Neustrien genannt. D'Karolenger kommen aus Austrasien.
Austrasien (deemno Land am Osten) war zanter dem Doud vum Chlodwig I. am Joer 511 bis zum Pippin dem Jonken meeschtens e selbstännegt Kinnekräich mat Metz als Haaptstad. Den Territore huet déi fränkesch Gebidder ëm de Rhäin, d'Meuse an d'Musel ëmfaasst, mat ë. a. de Stied Metz, Reims, Köln an Tréier. Do derbäi koumen déi Territoirë vun de germanesche Stämm, déi eruewert gi waren: ënner dem éischten Deelkinnek Theuderich Alemannien, méi spéit och Thüringen a Bayern.
Wéi ënner de Karolenger am 8. Joerhonnert d'Räich vereenegt gouf, sinn d'Nimm "Austrasien" an "Neustrien" aus der Geschicht verschwonnen. Ënner den Nokomme vum Karel dem Groussen ass am 9. Joerhonnert d'Räich nei gedeelt ginn an dat, wat dann Däitschland a Frankräich gouf. Dës Andeelung war awer net deckungsgläich mat där vun Austasien an Neustrie virdrun.
Am Joer 751 huet de Pippin sech zum Kinnek wiele gelooss an domat d'Functioun vum Hausmeier ofgeschaaft.
Commons: Maps of Austrasia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.