däitsche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Manfred Rommel, gebuer de 24. Dezember 1928 zu Stuttgart, a gestuerwen de 7. November 2013 och do, war en däitsche Politiker (CDU), dee vun 1974 bis 1996 Uewerbuergermeeschter vu Stuttgart war.
Manfred Rommel | |
---|---|
Gebuer |
24. Dezember 1928 Stuttgart |
Gestuerwen |
7. November 2013 Stuttgart |
Doudesursaach | Parkinson-Krankheet |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Eberhard Karls Universitéit Tübingen |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Politiker, Jurist, Militär, Zaldot, Publizist |
Partei | CDU |
Famill | |
Papp | Erwin Rommel |
Hie war dat eenzegt Kand vum Zweete Weltkrichs-Generolfeldmarschall Erwin Rommel a senger Fra Lucie Maria Mollin. No der Vergëftung vu sengem Papp ass de Manfred Rommel aus der Wehrmacht desertéiert an ass bei d'Éischt franséisch Arméi vum Maréchal de Lattre de Tassigny geflücht, deen en als Iwwersetzer akkzeptéiert huet.
1947 huet de Manfred Rommel säin Abitur zu Biberach an der Riß gemaach an duerno Droit zu Tübingen studéiert. 1956 krut e seng éischt Plaz an der Landesverwaltung, wou en 1959 Regierungsrot an du perséinleche Referent vum deemolegen Inneminister Hans Filbinger gouf. 1971 ass en als Ministerialdirekter an de Finanzministère gewiesselt an ass do spéider Staatssekretär ginn.
1974 ass en als Nofollger vum Arnulf Klett als Uewerbuergermeeschter vun der Stad Stuttgart gewielt an 1982 an 1990 all Kéier mat méi wéi zwee Drëttel vun de Stëmmen op déi Plaz erëmgewielt ginn. Säin Nofollger ass 1996 säi fréiere perséinleche Referent Wolfgang Schuster (CDU) ginn.
Och an der Pensioun war de Manfred Rommel nach ëmmer e beléifte Riedner a gefroten Auteur.
Op sech opmierksam gemaach huet en och wéi en et erlaabt huet, datt déi RAF-Memberen, déi sech am Prisong ëmbruecht haten, zesummen zu Stuttgart begruewe konnte ginn, obwuel vill Stëmme gefaart haten, datt sou e Graf eng Pilgerplaz fir sozialistesch Aktiviste kéint ginn.
Ausserdeem Sammlunge vu senge Spréch, Gedichter a Witzer, erausgi vum Frank-Ulrich Planitz.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.