From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Weides, gebuer de 16. Mäerz 1943, a gestuerwen de 17. Dezember 2013,[1] war e lëtzebuergesche Jurist an Ekonomist.
Robert Weides | |
---|---|
Gebuer | 16. Mäerz 1943 |
Gestuerwen | 17. Dezember 2013 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist, Jurist |
De Robert Weides huet seng universitär Studië mat engem Doktorat an Droit an engem Diplom vum Institut d'études politiques vu Paräis ofgeschloss. Duerno huet hie fir kuerz Zäit als Affekot geschafft.[2]
Hien huet vun 1969 bis 2003 beim Statec geschafft, wou en 1990 den Nofollger vum Georges Als als Direkter gouf an dat bis zu senger Pensioun 2003 blouf.[3]
Hien huet sech besonnesch dofir agesat, ekonomesch Donnéeën ze verëffentlechen, well déi och Anerer wéi just de Staat intresséiere géifen, a war Auteur vun iwwer 50 Publikatiounen iwwer Konjunktur-Analysen.[2][3]
De Robert Weides ass de Brudder vum Journalist Fernand Weides.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.