uechter d'Joer: Honnertdausende vu Flüchtlingen (1,6 Millioune bis Enn Dezember) aus de Krisegebitter ronderëm d'Europäesch Unioun froen Asyl an enger Rëtsch vu Memberlänner (dovun 1 Millioun an Däitschland) un a stellen dës viru grouss Erausfuerderungen.
07. Januar: Bei engem Attentat op d'Redaktioun vun der franséischer satirescher Zeitung Charlie Hebdo zu Paräis kommen 12 Leit ëm d'Liewen. Deen Dag drop bréngt e Kompliz 3 Leit an engem jiddesche Supermarché ëm; hien, wéi och déi zwéin aner Attentäter, ginn am spéiden Nomëtte vun der Police erschoss.
11. Januar: 4 bis 5 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich ënner dem Slogan Je suis Charlie hiert Matgefill mat den Attentatsaffer a fir Meenungsfräiheet, et gëtt Dosende vu änleche Manifestatiounen uechter d'Welt.
25. Januar: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Griicheland kritt dem Alexis Tsipras seng Lénkspartei Syriza déi meescht Stëmmen; hie gëtt deen Dag drop als Premierminister an enger Koalitioun mat den nationalkonservativen Anexartiti Ellines vereedegt.
24. Mäerz: De Kopilot vun engem Airbus A320 vun der Germanwings léisst um Fluch vu Barcelona op Düsseldorf an de franséischen Alpen de Fliger express an e Bierg knuppen; mat him stierwen all déi 149 aner Leit u Bord.
04. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Portugal bleift d'Mëtt-riets-Alianz Portugal à Frente vum Pedro Passos Coelho senger PSD an der CDS-PP déi Stäerkst, hat awer net d'Majoritéit am Parlament. Den 11. November entzéien d'Oppositiounsparteien als Lénksblock der Regierung d'Vertrauen, an de Coelho trëtt zeréck. De 25. November gëtt de António Costa zum neie Premierminister ernannt.
11. Oktober: Den Alexander Lukaschenko gëtt bei de Presidentschaftswalen a Wäissrussland erëmgewielt.
18. Oktober: Parlamentswalen an der Schwäiz; d'SVP an d'FDP gewanne Sëtz.
25. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Polen gewënnt d'Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), mat der Beata Szydło un der Spëtzt, d'absolut d'Majoritéit. D'Szydło gëtt de 16. November als nei Premierministesch vereedegt.
13. November: Bei terroristeschen Attacken zu Paräis an zu Saint-Denis (Seine-Saint-Denis) kommen 130 Leit ëm d'Liewen a ronn 350 gi blesséiert, dovun ee Véirel ganz schwéier.
17. November: A Rumänien gëtt de Dacian Cioloș neie Premierminister, nodeems d'Virgängerregierung no ëffentleche Protester zeréckgetruede war.
Lëtzebuerg
1. Januar: Den normalen TVA-Taux gëtt vu 15% op 17% gehéicht.
21. a 26. Januar: Mat enger Eenegung an der Chamber op zwou zukünfteg Verfassungsännerungen an engem Accord tëscht dem Staat a 6 Reliounsgemeinschafte gëtt d'Verhältnes tëscht Staat a Reliounen nei gereegelt.
07. Juni: Bei de Parlamentswalen a Mexiko krut d'Regierungspartei Partido Revolucionario Institucional vum President Enrique Peña Nieto déi meeschte Stëmmen.
25. Abrëll: Bei engem Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,8 am Himalaya, an e puer Nobiewen déi Deeg drop, kommen iwwer 8.600 Mënschen ëm d'Liewen, déi meescht am Nepal.
07. Juni: Bei der Parlamentswal an der Tierkei huet d'AKP-Partei vum President Erdoğan hir absolut Parlamentsmajoritéit verluer. Well et zu kenger Koalitioun koum, waren den 1. November Neiwalen, bei deenen d'AKP d'absolut Majoritéit erëmkrut.
10. Oktoberː Op d'mannst 102 Doudeger a ronn 500 Blesséierter bei engem duebele Bommenattentat an der tierkescher Haaptstad Ankara.
06. Februar: Dem neien tuneesesche Premierminister Habib Essid seng Regierung gëtt vereedegt.
21. Mäerz: Dem Ministerpresident Benjamin Netanjahu seng Likud-Partei gewënnt d'Parlamentswalen an Israel. De 6. Mee kënnt et zu enger Koalitiounsregierung vu Likud an e puer méi klenge rietskonservativ-reliéise Parteien.
20. Mäerz No enger Attack op zwou schiittesch Moscheeën am Jemen, bei där et ronn 150 Doudeger gouf, kënnt et zu enger Revolt vun de schiitteschen Huthi-Rebellen, de President Abed Rabbo Mansur Hadi flücht de 25. Mäerz aus dem Land.
An der Nuecht op den 19. Abrëll geet e Schëff am Mëttelmier ënner, dat mat Flüchtlingen u Bord vu Libyen ënnerwee an Italie war; ëm déi 800 Leit stierwen, just 28 konnte gerett ginn.
24. September: Iwwer dausend Doudeger bei der Haddsch zu Mina, bei Mekka, wou et zu engem Mënschegewulls kënnt.
18. September: Déi amerikanesch Ëmweltagence beschëlegt Volkswagen wéinst enger 'Fuddelsoftware', déi Tester erkennt an dann d'NOx-Ofgase vu sengen Diesel-Motore kënschtlech niddreg léisst; Ufank vun der Dieselgate-Affär, déi sech jorelaang hinzitt an zu enger 25 Milliarden Euro u Strofen a Kompensatioune féiert.
12. Dezember: 195 Länner eenege sech op der UN-Klimakonferenz 2015 (COP 21) iwwer en Ofkommes iwwer Klimapolitik.
11. Februar: Den IXV, déi éischt Mini-Raumnavette vun der ESA, gëtt mat der Drorakéit Vega op Orbit geschoss a lant duerno am Pazifeschen Ozean.
14. Juli: Néng an en halleft Joer, nodeems se d'Äerd verlooss hat, flitt déi amerikanesch RaumsondNew Horizons laanscht den ZwergplanéitPluto a säi Mound Charon a schéckt Biller op d'Äerd.
31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 1:2 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[4]
09. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 0:0 géint Moldawien.[5]
14. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lwiw am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[6]
05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1:0 géint Mazedonien. De Sébastien Thill huet de Gol geschoss.[7]
08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Baryssau am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:2 géint Wäissrussland.[8]
09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[9]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:4 géint d'Slowakei. D''Goler fir Lëtzebuerg hunn de Mario Mutsch an de Lars Gerson geschoss.[10]
13. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[11]
17. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 0:2 géint Portugal.[12]