lëtzebuergesche Moler a Sculpteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Weimerskirch, gebuer den 8. Mäerz 1923 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 23. Juni 2015 am Texas, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
Robert Weimerskirch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Nicolas Robert Weimerskirch |
Gebuer |
8. Mäerz 1923 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Juni 2015 Texas |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur |
Nom Secondaire am Stater Kolléisch huet de Robert Weimerskirch op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel, an op der Accademia di Brera, zu Mailand studéiert.[1]
Ufangs der fofzeger Joren ass de Weimerskirch an de Belsche Kongo ausgewandert wou hien néng Joer laang gewunnt huet. Hien huet duerno ee Joer a Südfrankräich gewunnt an ass 1962 an Amerika ausgewandert. Do huet hie sech zu Houston am Texas niddergelooss. Zu Houston huet hien op der University of Houston, op der Glassell School of Art, am Museum of Fine Arts Houston an op der Art League School Coursen am Zeechnen an a Molerei ginn.[2] An offizielle Referenzpublikatioune fir Konschtwierker gëtt de Weimerskirch als amerikaneschen, zu Lëtzebuerg, gebuerene Moler a Sculpteur gefouert.
1949 huet d'Post fir 75 d'Joer Feier vun der Union Postale Universelle véier Timbere mam engem Design vum Weimerskirch erausginn (Wäert 80 c., 2.50F, 4F an 8F).[3]
1950 krut hien den éischte Prix de la jeune Peinture Luxembourgeoise op der Ausstellung vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL), zesumme mat der Coryse Kieffer, fir säi Bild 'Réfugiés'. Dozou schreift am Escher Tageblatt vum 23. September 1950 de Joseph-Émile Muller: ..... Wenn ich meine Besprechung mit diesem Saal beginne, so nicht bloß deshalb weil es der erste ist den man betritt, sondern auch, ja noch eher weil man darin den Maler findet der uns wohl am erfreulichsten überrascht und bei dem alles darauf hinweist daß er in der bedeutsamsten Entwicklung steht: Robert Weimerskirch. Er zeigt uns zwei Oelgemälde “Le Dormeur du Valˮ und “Refugiesˮ, drei kleine Landschaften in Wasserfarben und (im follgenden Raum) ein paar Zeichnungen, lauter Werke die alles weit überragen was neben ihnen hängt. Es wäre denn auch logisch gewesen wenn er nicht nur den halben sondern den ganzen “Prix de la jeune Peintureˮ erhalten hätte.[4]
Wierker vum Weimerskirch waren 1950-1951 bei der Expositioun itinérante d'art luxembourgeois an der Belsch zu Gent (20. Dezember- 7. Januar 1951), zu Hasselt (13. Januar-26. Januar), an zu Namur (10. Februar—20. Februar) ze gesinn. Duerno waren d'Wierker an Holland ausgestallt: zu Heerlen (3. Mäerz-19. Mäerz) an Haarlem (24. Mäerz-16. Abrëll).
Duerno verléiert sech d'Spuer vum Weimerskirch zu Lëtzebuerg well hien dunn an de Kongo ausgewandert ass.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.