"Luxemburg hat keine Kolonien, wenigstens keine territorialen, aber geistig ist es in allen Weltteilen dahei. Breite einmal die Weltkarte vor dir aus und zeichne hinein, wo Luxemburger katholische Missionare und Missionarinnen Blut und Leben einsetzen für das Reich Christi auf Erden! Afrika wäre ganz luxemburgisch gesprenkelt: In Indien, China, Japan, Polynesien könntest du rot-weiß-blaue Fähnchen aufstecken. In Australien, Amerika usw., bei Weißen und Schwarzen, bei Gelben und Braunen, bei jungen Völkern und aussterbenden Stämmen, überall stehen Luxemburger Söhne und Töchter auf vorgeschobenen Posten, und pflanzen mit dem Christentum etwas hinein von dem Geist Luxemburger Treue. Und überall hin wandert unsere Luxemburger Madonna auf mütterlichen Füßen mit über Land und Meer, hinein in die geistige oder materielle Wildnis, und ist in schweren Tagen die süßeste Tröst-Einsamkeit. (...) Die kleinsten Pilger staunen auf zu dem bärtigen Pater und der weißen Missionsschwester, gruseln vor den zähnefletschenden Götter- und Zauberbilder, vor den ausgestopften Schlangen und Alligatoren. Väter und Mütter und Tanten finden beisammen alles, was sie an Oktaveandenken brauchen: kleinste Rosenkränzchen und fein gestickte Hochzeitsgeschenke, sogar ganz rare Kostbarkeiten aus Elfenbein und Ebenholz, feinste Schnitzereien und Handarbeiten der Eingeborenen. Denn die Missionare selbst liefern einen Teil der feilgebotenen Schätze.[1]

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Belsche Kongo

Thumb
Exploratiounsreese vum Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja

Zanter datt de Kongo vum belsche Kinnek Leopold II. als Privatbesëtz exploitéiert gouf, waren och Lëtzebuerger dobäi.

1931 hunn 252 Lëtzebuerger am Kongo gelieft. D'Zuel goung an den 1930er Joren erof, louch awer 1950 bei 410 an 1958 bei 575. Wéi de Kongo 1960 onofhängeg gouf, hunn eng 600 Lëtzebuerger am Kongo gelieft.

Vill vun hinne waren an zwéin Cerclen organiséiert, dem Cercle colonial luxembourgeois (zanter 1925) an an der Alliance coloniale luxembourgeoise (zanter 1951). Den 21. Februar 1954 hunn déi zwou Associatiounen zur Vereenegung Luxembourg Outre-mer (LUXOM) fusionéiert[2]. Déi kruten an den 1950er Jore Subside vum Lëtzebuerger Staat; de Prënz Felix, de Joseph Bech a méi spéit de Pierre Werner ware Membre protecteur. De Staatsminister Pierre Dupong war am Januar 1953 op Staatsvisitt am Kongo.

No der Onofhängegkeet am Joer 1963 waren et der just nach 155, déi decidéiert haten, dozebleiwen, vill dovu Missionnairen an Nonnen, wéi d'Soeurs hospitalières de Sainte-Élisabeth an d'Schwëstere vun der Doctrine chrétienne.[3] De groussen Deel ass awer fortgaangen, déi allermeescht goungen zeréck op Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu de Belsch haten déi, déi an der Administratioun geschafft hunn, keng Garantie drop, an de Staatsdéngscht doheem opgeholl ze ginn. Déi, déi bal alles hu missen zeréckloossen, hu vun der Fondation Grande-Duchesse Charlotte gehollef kritt. Och huet d'Belsch de Lëtzebuerger manner héich Pensiounsuspréch ugerechent wéi hire Landsleit.

Perséinlechkeeten

  • De Läitnant Nicolas Grang (1854-1883) huet den Henry Morton Stanley bei der Exploratioun vum Héije Kongo begleet.
  • Den Eugène Jungers (1888-1958) war Generolgouverneur vum Belsche Kongo.
  • Den Nicolas Cito (1866-1949) huet zu der Zäit vum État indépendant du Congo d'Aarbechte vun der Eisebunnslinn vu Léopoldville[4] op Matadi geleet, bei deenen 1.932 Aarbechter hiert Liewe gelooss hunn[5].
  • Tëscht 1898 an 1930 war de Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja (1875-1953) fënnefmol am Kongo an huet eng Partie nei Aarte fir d'Wëssenschaft entdeckt. An deem Zäitraum erschéngen net manner wéi fënnef wëssenschaftlech Artikelen[6] am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois, déi mat dem Kongo ze dinn hunn, virun allem mat den Entdeckunge vum Luja.
  • De lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier Will Kesseler (1899-1983) huet tëscht 1924 an 1969 am Kongo gelieft.
  • Den Nicolas Kinsch (1904-1973) war vun 1959 bis 1967 Äerzbëschof vu Kisangani.
  • De Jacques Leurs (1910-1968) ass bekannt als éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf.
  • De lëtzebuergesche Moler a Sculpteur Robert Weimerskirch (1923-2015) war an den 1950er Joren an de Belsche Kongo ausgewandert.
  • Déi lëtzebuergesch Sculptrice Maggy Stein (1931-1999) huet vun 1950 bis 1953 mat hirem Mann am Kongo gelieft.
  • De lëtzebuergesche Moler a Sculpteur Arthur Unger (* 1932) war vun 1956 bis 1960 Kolonialbeamten am Kongo.

Franséisch-Indochina

Literatur

Kuckt och

Referenzen an Notten

  1. Missionsbazar während der Oktave, Luxemburger Wort, 25.03.1950, S. 9
  2. Association Coloniale Luxembourg Outre Mer, „LUXOM". Luxemburger Wort (23.3.1954). Gekuckt de(n) 3. 1. 2023.
  3. Alex Langini, 2010. Das Heisdorfer Schloß. Le château de Heisdorf. S. 18.
  4. Léopoldville ass dee fréieren Numm vun der Haaptstad Kinshasa.
  5. Bei de Renovéierungsaarbechten tëscht 1923 an 1931 koumen nach eng 7.000 Doudeger dobäi. Cf. http://fr.wikipedia.org/wiki/Chemin_de_fer_Matadi-Kinshasa
  6. Cf. Boulénger 1909 an 1910, Grouvelle 1915, Luja 1919 an Ochs 1928 an der Literatur.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.