lëtzebuergeschen Offizéier an der Belscher Arméi From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicolas Grang, gebuer den 2. Januar 1854 zu Bëschrued[2], gestuerwen den 11. Abrëll 1883 zu Léopoldville, war e lëtzebuergeschen Offizéier an der belscher Arméi. Als Leitnant koum hien 1882 an de Kongo an huet ënner dem Henry Morton Stanley bei der Eruewerung vum Héije Kongo bäigedroen[3].
Nicolas Grang | |
---|---|
Foto vum Läitnant Grang a Galauniform. Zirka 1879-1882 | |
Gebuer |
2. Januar 1854 Bëschrued |
Gestuerwen |
11. Abrëll 1883 Kinshasa |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Offizéier |
Den Nicolas Grang ass den 2. Januar 1854 als eelste Fils vum Jean Grang a vun der Barbara Thibessart op d'Welt komm[4].
Säi Studium huet hien am Stater Kolléisch ugefaangen, ass awer, wéi munch Lëtzebuerger an där Zäit, 1876 an d'Belsch Arméi gaangen a war vun 1877 un op der Bréisseler Militärschoul. Zwee Joer drop war hie Leitnant vun der Belscher Arméi an huet bei de Bréisseler "Carabiniers" gedéngt.
Am Oktober 1881 gouf en op den Institut cartographique militaire detachéiert, 1882 gouf hie Member vum Comité d'études du Haut-Congo (CEHC).
Am Januar 1882 goung hien zu Antwerpen u Bord vun der Heron, engem klengen Dampschëff dat vum Comité gechartert gi war. Den 8. Mäerz koum hien am Kongo un an ass op Vivi[5] weidergereest, wou de Stanley säi Quartier général hat. Hie krut vum Stanley den Optrag, de Materialtransport tëscht der Küst an dem Stanley Pool z'organiséieren, den Ausgangspunkt vu villen Expeditiounen an den Héije Kongo.
D'Aarbecht vum jonken Offizéier war schwiereg a geféierlech. Ëmmer nees koum et zu Iwwerfäll vun den Einheimeschen an engem fir Europäer ongewinnten an onerträgleche Klima. Am August 1882 konnt hie sech fir d'éischt auszeechnen, wéi hien den Ugrëff[6] vun Autochthonen op d'Caravanne vum Dr Péchuel ofwiere konnt.
Den 2. September 1882 gouf de Grang zu Léopoldville vum Stanley zum Kommandant ernannt. Mat de Leitnante Valcke a Janssen huet de Grang zu deenen enkste Beroder vum Stanley gehéiert. De Stanley bezeechent de Grang als treien, intelligenten a couragéierte Matstreider.
Am Februar 1883 huet de Grang sech bei engem Stuerm sou ferm erkaalt, datt hie sech dovun net méi erholl huet, hien ass den 11. Abrëll 1883 am Alter vun nëmmen 29 Joer zu Kinshasa gestuerwen. De Stanley huet iwwer hie geschriwwen: "Dëse staarken an energesche jonke Mann, dee vu mengem intime Liewe gelieft huet wéi mer d'Dampschëff "Royal" vu Manyanga op Stanley Pool transportéiert hunn, feelt mer..."[7].
Hie gouf als éischten Europäer an als eenzege Lëtzebuerger um Kierfecht vun de Pionéier zu Léopoldville begruewen. Iwwer sengem Graf gouf en Eisekräiz opgeriicht, op deem de follgenden Text ze liesen ass:
Grang N. S. lieutenant F-P. Gr. Ducal 11. 4. 1883
Den 29. Januar 1953 huet de Staatsminister Pierre Dupong bei senger Staatsvisitt Blummen um Graf vum Nic Grang néiergeluecht. 1956 gouf an der Géigend vum « Cimetière des pionniers » e Monument zu Éiere vum Stanley a sengen Truppen opgeriicht. Nieft dem Numm « Sr. Henry Morton Stanley » sinn d'Nimm vun allen 150 Begleeder op 8 Kofferplacken ze liesen. Den Numm vum Grang steet op der drëtter Plack.
Zu Bëschrued gouf eng Strooss no him genannt, d'„Rue Nicolas-Grang“. An der Schoul zu Bëschrued houng eng Foto op där den Nic Grang an der Galauniform vun engem belsche Leitnant ze gesi war.
Am Kader vun den Debatte ronderëm d'Black Lives Matter-Beweegung an dem strukturelle Rassismus an der Gesellschaft, gëtt dem Grang säi Wierke mëttlerweil an engem neie Liicht gekuckt. De Gemengerot vu Wal huet doropshin am Juli 2020 decidéiert, déi fréier Rue Nicolas-Grang an „Um Schéckelt“ z'änneren[8],[9].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.