lëtzebuergeschen Ekonomist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Carlo Hemmer, gebuer de 26. Juni 1913 zu Kaiserslautern, a gestuerwen den 11. November 1988 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergeschen Ekonomist, Editeur an Auteur.
Carlo Hemmer | |
---|---|
Gebuer |
26. Juni 1913 Kaiserslautern |
Gestuerwen |
11. November 1988 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist |
Member vun | Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal |
De Carlo Hemmer goung zu Ettelbréck an d'Primärschoul, zu Dikrech an de Lycée an an der Stad Lëtzebuerg an d'Industrie- an Handelsschoul. 1932-1934 huet en op der Hautes études commerciales zu Paräis studéiert, a vun 1934-1936 op der Handelshochschule zu Leipzig, wou e säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss huet.
Tëscht 1936 an 1940 huet hien als Attaché am Landwirtschaftsministère seng éischt berufflech Erfarunge gesammelt. Am Krich gouf hien 1941 fir d'éischt als Gérant vun engem Mëllechsyndikat op Ettelbréck versat, kuerz duerno awer nees entlooss, well en de politesche Virstellunge vun den Nazien net entsprach huet. Bis 1944 huet en zu München am juristeschen Déngscht vun enger Baufirma geschafft.
Vun 1944 bis 1958 war de Carlo Hemmer Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Industrielle-Vereenegung FEDIL. Den 1. Januar 1954 koum déi éischt Nummer vun der Wochenzeitung D'Letzeburger Land eraus, déi vun him gegrënnt ginn ass.
1958 ass e fir e puer Joer op Bréissel gewiesselt, wou en an der Europäescher Kommissioun Direkter an der Verwaltung vun der Generaldirektioun Industrie gouf. Mä geschwënn duerno koum hien nees hannescht op Lëtzebuerg, wou en 1962 Direkter vun der Chambre de commerce als Nofollger vum Paul Weber gouf (hien ass dat bis zu senger Pensioun 1974 bliwwen), vun 1963 un President vum Office luxembourgeois pour l'acroissement de la productivité (OLAP) gouf (bis 1988), an och nach President vun de Lëtzebuerger Jugendherberge gouf (1960 bis 1984).
Seng beandrockend Lëscht vun Ämter goung virun: 1970 bis 1986 war hie Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, vun 1973 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vum CFL, 1976 bis 1988 President vum Conseil supérieur de l'aménagement du territoire, 1977 bis 1988 President vun der Lëtzebuerger Bourse an 1978 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun der Banque générale du Luxembourg.
Do donieft war en nach tëscht 1978 an 1983 President vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.[2]
Hie war och Auteur vun enger ganzer Rëtsch Publikatiounen, déi sou ënnerschiddlech Theeme wéi Ekonomie, Demographie, Europapolitik, Wander- a Reesreportagen, Lännerbeschreiwungen, Noriff asw. ëmfaassen.
De Carlo Hemmer ass 1988 am Alter vu 75 Joer gestuerwen. Hie gouf um Ettelbrécker Kierfecht begruewen an op sengem Grafstee steet: "CARLO / HEMMER / 1913 - 1988 / DAUSEND WEË BAS DE / GAANGEN, IWERALL / WARS DU DOHEEM... / EWELL HUES DU DEE / FRIDDE FOND, / DEEN NÉIRENS SOSS / ZE FANNEN ASS †††".
D'Gemeng Ettelbréck, wou hie gewunnt huet, huet him ee Gedenkstee gesat. Seng 1986 gegrënnte Fondatioun Lëtzebuerger Jugendherbergen ass dunn a Fondatioun Carlo Hemmer ëmbenannt ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.