05. Juni: Bei de Parlamentswalen an Dänemark kritt déi sozialdemokratesch Partei déi meescht Stëmmen. Hir Presidentin, d'Mette Frederiksen gëtt de 27. Juni als nei Premierministesch vereedegt.
01. Juli: Finnland iwwerhëlt turnusgeméiss bis Enn des Joers d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
07. Juli: D'Oppositiounspartei Nea Dimokratia vum Kyriakos Mitsotakis gewënnt déi virgezunne Parlamentswalen a Griicheland; dëse gëtt deen Dag drop zum neie Premierminister ernannt.
10. Dezember: Nom Récktrëtt vum Antti Rinne gëtt d'Sanna Marin nei Premierministesch a Finnland.
10. Dezember: Bei de virgezunnene Parlamentswalen am Vereenegte Kinnekräich, déi de Premier Boris Johnson ausgeruff hat, nodeems och hie keng Majoritéit am Parlament fonnt hat, fir den Austrëttsaccord aus der EU, deen en ausgehandelt hat, duerchzezéien, kritt d'Conservative Party mat 365 Sëtz déi absolut Majoritéit.
Lëtzebuerg
26. Mee: Bei den Europawale gi vun der CSV 2 (-1), der DP 2 (+1), an deene Gréngen an der LSAP jee 1 Deputéierten an d'Europaparlament gewielt. Am Ganzen hate jee 6 Kandidaten aus 10 Parteie kandidéiert.
25. Juli: Mat 40,8°C gëtt déi héchst jee zu Lëtzebuerg gemoossen Temperatur registréiert.
09. August: En Tornado zitt iwwer d'Gemenge Péiteng a Käerjeng ewech; 160 Gebaier ginn zum Deel schwéier beschiedegt, 19 Leit blesséiert, dovun 2 schwéier.
23. Januar: De Parlamentspresident Juan Guaidó ernennt sech selwer zum Interimspresident vu Venezuela, a Konkurrenz zum gewielte President Nicolás Maduro.
19. Mäerz: Nom Récktrëtt vum kasachesche Staatspresident Nursultan Nasarbajew gëtt den Dag drop de Qassym-Schomart Toqajew als säin Nofollger vereedegt.
30. Juni: D'EU an de Vietnam ënnerschreiwen en Handelsaccord.
01. Januar: D'US-amerikanesch RaumsondNew Horizons flitt op ongeféier 3.500km laanscht den transneptuneschen Objet (486958) Arrokoth, deen Objet am wäitste vun eis ewech, dee vun enger Sond ënnersicht gouf.
06. September: De Modul vun der indescher Moundmissioun Chandrayaan-2, deen um Mound lande sollt, fält erof. Den Orbiter, mat deem en den 22. Juli 2019 gestart ass, funktionéiert normal.
25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Josy-Barthel-Stadion an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:2 géint d'Ukrain. Den Dave Turpel huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss, an an der 93. Spillminutt war de Gerson Rodrigues den "Auteur" vum Selbstgol[3].
2. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet am Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 3:3 mat Madagaskar gläichgespillt. De Vincent Thill (an der zweeter Minutt), de Vahid Selimovic (90') an de Laurent Jans (och an der 90') hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Fir de Selimovic war et den éischte Match am Kader vun de Roude Léiwen. Et war och den Debutmatch fir de Kevin Holtz[4], an et war de leschte Match an der Nationalekippkarriär vum Mario Mutsch[5].
7. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet a litauesche Vilnius an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:1 mat Litaue gläichgespillt. De Gerson Rodrigues huet an der 21. Minutt den eenzege Gol fir Lëtzebuerg geschoss[6].
10. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Arena-Lwiw-Stadion zu Lwiw (Ukrain) an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:0 géint d'Ukrain[7].
05. September: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Belfast an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Nordirland. De Gol fir Nordirland war de Selbstgol vum Lëtzebuerger Verdeedeger Kevin Malget[8].
12. Oktober: Den Eliud Kipchoge leeft, mat 1h 59min 40sec, als Éischten de Marathon ënner 2 Stonnen.
Bruno Ganz
Karl Lagerdfeld
Agnès Varda
Bibi Andersson
Jean vu Lëtzebuerg
J.-Pierre Marielle
Doris Day
I. M. Pei
Niki Lauda
Béji Caïd Essebsi
Toni Morrison
Peter Fonda
Sigmund Jähn
Jacques Chirac
Jessye Norman
Karel Gott
Marie-Josée Nat
Raymond Poulidor
02. Januar: Bob Einstein, US-amerikanesche Schauspiller.