François Decker
lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De François Decker, gebuer de 14. Oktober 1918 zu Däitsch-Oth[1] a gestuerwen de 5. Oktober 2019 zu Nidderfeelen, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Historiker.[2]
François Decker | |
---|---|
Gebuer |
14. Oktober 1918 Däitsch-Oth |
Gestuerwen |
5. Oktober 2019 Nidderfeelen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schoulmeeschter, Historiker, Schrëftsteller |
De François Decker huet sech en Numm gemaach als Lokalhistoriker vun der Gemeng Feelen, déi him ënner anerem d'Buch „Feulen 963 – 1963“ verdankt, dat fir Joerdausendfeier 1963 erauskomm ass.[3] Wärend méi wéi 20 Joer huet de Fr. Decker onentgeltlech an Zesummenaarbecht mam Landeshauptarchiv Rheinland-Pfalz d'Archiv vun der Herrschaft Buerschent opgeschafft a verëffentlcht.[4]
Donieft huet de François Decker sech mat Sujete wéi der Geschicht vun der Gemeng Waldbëlleg, dem Klëppelkrich, den Zaldoten aus dem Département des Forêts, déi an d'franséisch Arméi agezu goufen, etc., beschäftegt.
De Fr. Decker war Éieremember vun den Amis du château de Bourscheid an Éierebierger vun der Gemeng Buerschent. Hie gouf mam Verdienstorden des Landes Rheinland-Pfalz dekoréiert.[4],[5] De François Decker war bestuet mat der Elise Glod, gebuer den 1. Dezember 1921, déi e puer Deeg virun him, den 28. September 2019, gestuerwen ass.[6]
Muller, J.C., 1988. Bibliographie François Decker. Annuaire / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik 1988, S. 165-168.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.