Laurent Jans

Lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Laurent Jans

De Laurent Jans, gebuer de 5. August 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller[1].

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Laurent Jans
Gebuer 5. August 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp Fola Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
FF Norden 02 Wäiswampech-Hëpperdang,
FC Metz,
Royal Standard de Liège,
Sparta Rotterdam,
SV Waldhof Mannheim
Zoumaachen

Veräinskarriär

Vu sengem Jugendveräin FF Norden 02, bei dem hie mat 16 Joer fir d'éischt Ekipp an der 1. Divisioun gespillt huet, ass hien 2011 bei d'Fola Esch an d'Nationaldivisioun gewiesselt, wou hien zwee Championstitele feiere konnt. 2015 ass hien an de Profiberäich bei Waasland-Beveren gewiesselt a gouf vum Luxemburger Wort als Fussballer vum Joer ausgezeechent. No 3 Saisonen an der belscher Jupiler Pro League ass hien 2018 bei den FC Metz gewiesselt. 2019 goung seng Karriär beim SC Paderborn 07 an der däitscher Bundesliga weider, 2020 beim Standard Liège. No enger Saison an der hollännescher Eredivisie bei Sparta Rotterdam ass hien 2022 bei den SV Waldhof Mannheim an déi drëtt däitsch Liga gewiesselt, ier et 2024 zréck bei de mëttlerweil ëmbenannten SK Beveren gaangen ass, wou hie säitdeem Kapitän vun der Ekipp ass.[2]

Nationalekippskarriär

Hien huet de 16. Oktober 2012 am Alter vun 20 Joer fir d'éischt fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[3]. Säit 2017 ass hien ass de Kapitän vun der Nationalekipp[4].

Beim 3:3 géint Madagaskar huet hien den 2. Juni 2019 säi bis ewell eenzege Gol fir d'Nationalekipp geschoss. [5]

Säit dem 26. Mäerz 2024 ass hien de Rekordnationalspiller vu Lëtzebuerg a bréngt et op 108 Selektiounen (Stand: Februar 2025).

Um Spaweck

Commons: Laurent Jans – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (de)Luxemburg - Madagaskar, 02.06.2019 - Freundschaftsspiele - Spielbericht. www.transfermarkt.de. Gekuckt de(n) 13.02.2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.