Australian Open
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Australian Open ass en Tennisturnéier an Australien. Et ass deen éischte vu véier Grand-Slam-Turnéiere vum Joer a gëtt am Januar zu Melbourne gespillt. Et ass dat gréisst reegelméissegt Sportereegnes dat um australesche Kontinent ofgehale gëtt.
Wéi bei all aner Grand-Slam-Turnéier spillen hei och Dammen an Hären am Eenzel, am Duebel an am Mixed.
Den Tournoi gouf fir d'éischt 1905 gespillt an dat op Gras bis 1987. Säit 1988 gëtt op haardem Belag am Melbourne Park, deen 1988 extra fir dësen Tournoi gebaut gouf, gespillt. Hei gëtt et 24 Tennisfelder, dat op enger Gesamtfläch vun 20 ha.
Geschicht
Punkten a Präisgelder
Tour | Punkten | Primm |
---|---|---|
Gewënner | 2000 | 1 620 000 $ |
Finall | 1200 | 810 000 $ |
Halleffinall | 720 | 365 000 $ |
Véirelsfinall | 360 | 182 250 $ |
Aachtelsfinall | 180 | 88 000 $ |
3. Tour | 90 | 51 000 $ |
2. Tour | 45 | 31 000 $ |
1. Tour | 10 | 19 400 $ |
Rekorder
Gewënner
- Lëscht vun den Australian Open Gewënner am Häreneenzel
- Lëscht vun den Australian Open Gewënner am Dameneenzel
- Lëscht vun den Australian Open Gewënner am Härenduebel
- Lëscht vun den Australian Open Gewënner am Damenduebel
- Lëscht vun den Australian Open Gewënner am Mixed
Um Spaweck
Commons: Australian Open – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Homepage vun den Australian Open (englesch)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.