Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Manfred Eigen, gebuer den 9. Mee 1927 zu Bochum, a gestuerwen de 6. Februar 2019[1], war en däitsche Bio- a Physikochemiker an den Direkter vum Max-Planck-Institut für biophysikalische Chemie zu Göttingen. Den Eigen krut 1967 fir seng Aarbechten iwwer d'Moosse vun der Vitess vu séiere biocheemesche Reaktioune mat Hëllef vun der Relaxatiounsmethod den Nobelpräis fir Chimie (zesumme mam Ronald George Wreyford Norrish a mam George Porter).
Manfred Eigen | |
---|---|
Gebuer |
9. Mee 1927 Bochum |
Gestuerwen |
6. Februar 2019 Göttingen |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Cheemiker, Physiker, Akademiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Biophysiker |
Member vun | Royal Society, Akademie der Wissenschaften der DDR, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie des sciences, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Berlin-Brandenburgische Akademie der Wissenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, European Molecular Biology Organization, Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea |
Méi spéit huet hie sech mat der Erfuerschung vun der Evolutioun befaasst. Hien huet ënnersicht, wéi Nukleinsaieren, duerch Polymerase vervillfältegt an duerch Nukleasen ofgebaut ginn. Andeems en dës Op- an Ofbauzykle widderholl huet, hu sech bannent Stonnen Nukleinsaiere gebilt, déi duerch Mutatioun géint den Ofbau duerch d'Nuklease resistent gi waren.
Hien huet och zwou Biotechnologiefirme gegrënnt, Evotec an Direvo.
Commons: Manfred Eigen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.