kroatesch Politikerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kolinda Grabar-Kitarović, gebuer den 29. Abrëll 1968 zu Rijeka als Kolinda Grabar, ass eng kroatesch Politikerin an Diplomatin. Den 11. Januar 2015 gouf si zur Presidentin vun der Republik Kroatie gewielt an huet hiert Amt den 19. Februar 2015 ugetrueden. Bei de Walen 2019/2020 huet si nees kandidéiert, ma am zweeten Tour, de 5. Januar 2020, géint den Zoran Milanović verluer.
Kolinda Grabar-Kitarović | |
---|---|
Funktioun | |
4. President vu Kroatien | |
19. Februar 2015 - 19. Februar 2020 | |
Virgänger | Ivo Josipović |
Nofollger | Zoran Milanović |
Partei | Kroatesch demokratesch Unioun |
Biographie | |
Gebuer |
29. Abrëll 1968 Rijeka |
Educatioun |
Philosopesch Facultéit vun Zagreb, Universitéit Zagreb, George Washington University |
Bestuet mat | Jakov Kitarović |
Kanner | Katarina Kitarović |
Si ass Member vun der konservativ-chrëschtdemokratescher Hrvatska demokratska zajednica ("Kroatescher Demokratescher Unioun" (HDZ). Si huet eng Ausbildung als Diplomatin an huet ë. a. am kroateschen Ausseministère geschafft. 2003 gouf si an dat kroatescht Parlament, de Sabor, gewielt an doropshin zur Ministesch fir Europäesch Integratioun ernannt. Duerno gouf si Ausseministesch, a war vun 2008 bis 2011 Ambassadrice an de Vereenegte Staaten, a vun 2011 bis 2014 stellvertriedend Generalsekretärin vun der NATO.
Commons: Kolinda Grabar-Kitarović – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.