13. Januar: Virun der italieenescher Insel Giglio verongléckt d'Croisièresschëff Costa Concordia, wouduerch et zu enger dramatescher Rettungsaktioun mat 32 Doudesaffer kënnt.
06. Mee: Bei de Parlamentswalen a Griicheland verléieren d'Mëtt-Riets- a Mëtt-Lénks-Parteie staark zu Gonschte vun de méi extreeme Parteien. Well et zu kenger Eenegung iwwer eng Koalitoun kënnt, gëtt et de 17. Juni Neiwalen.
17. Juni: Parlamentswalen a Frankräich. D'PS kritt mat 300 vun de 577 Sëtz d'absolut Majoritéit.
17. Juni: Neiwale fir d'Parlament a Griicheland. Gewënner ass déi konservativ Nea Dimokratia, knapps virun der lénks-radikaler SYRIZA. De President vun der ND, Antonis Samaras bëtt den 20. Juni Premierminister.
12. September: Bei de virgezunnene Parlamentswalen an Holland kritt déi liberal VVD vum Ministerpresident Mark Rutte déi meescht Stëmmen, knapps virun der sozialdemokratescher PvdA. De 5. November koum et zu enger Regierung vun enger grousser Koalitioun tëscht deenen zwou Parteien, de Rutte gouf nees Ministerpresident.
15. Oktober: De Xi Jinping gëtt Generalsekretär vun der Kommunistescher Partei vu China; am Mäerz 2013 gëtt hie President vum Land.
16. Dezember: A Japan kritt bei de Parlamentswalen d'Liberaldemokratesch Partei (LDP) an hire Kaolitiounspartner New Komeito ronn 2/3 vun de Stëmmen. De Shinzo Abe gëtt neie Premierminister.
15. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Uewerkuer 1:2 géint Georgien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[3]
11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Belfast, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:1 géint Nordirland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel da Mota geschoss.[6]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:6 géint Israel.[7]
16. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Tel-Aviv, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:3 géint Israel.[8]
14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Schottland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.[9]