De Pol Pütz, gebuer de 4. Juni 1947 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen den 3. Juli 2012[1], war e lëtzebuergeschen Auteur.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Zoumaachen
Hie war laang Jore Chef vun der Finanzsektioun vun der Police judiciaire. Hien ass opgewuess an der Buerg (Buerglënster) a Grënnungsmember vun de Frënn vum Bierger Schlass (Les amis du château de Bourglinster).
Hie war ausserdeem:
De Pol Pütz huet vu Kand u geschriwwen. Am Ufank och däitsch Gedichter, duerno nëmme méi lëtzebuergesch Texter. Seng Publikatioune fënnt ee virun allem a verschiddenen Anthologien, Zeitungen an Zäitschrëften, besonnesch an de Cahiers luxembourgeois.
- 1972: Éischt Gedichter am Lëtzebuerger Land.
- 1973: Éischt Cabaretstexter fir de Kasemattentheater a Sketcher fir den Hei elei.
- 1974: Éischt Revue Lux-Data zesumme mam Pir Kremer. Duerno bis haut, bal all Joer Mataarbecht bei der Revue vum "Lëtzebuerger Theater" ënner dem Pseudonym Pop.
- 1975: D'Seibecken, Gedichter a Lidder. Editioun « Lëtzebuerger Land ».
- 1977: Déi Kleng Chamber, en Disk. Editioun Kasemattentheater Lëtzebuerg.
- 1978: Hie schreift d'Revue Et huet gelaut eleng.
- 1980: Hopp Marjänn, éischte Lëtzebuerger Musical. Musek Pierre Nimax. Première den 21. Dezember 1980 am Neien Theater.
- 1982: Hopp Marjänn op LP. DELTA Lëtzebuerg.
- 1984: Du brauchs kee Strack, Gedichter a Lidder. RTL Éditions.
- 1989: Den Theater ass eist Liewen an Du wors versprach op LP. Editioun IP Lëtzebuerg.
- 1995: Wou d'Uelzecht, Gedichter a Lidder. Editioun Cahiers Luxembourgeois.
- 1997: Fango-Tango, Cabaret rondrëm 150 Joer Bad Munneref.
- 1999: Hopp Marjänn gëtt den 2. Juni zu Beetebuerg fir d'éischt mat engem Symphonieorchester opgefouert.
- 1999: D'Revanche vum klenge Mann, Geschicht a Geschichte vun der Lëtzebuerger Revue am Almanach vum Joerhonnert. Éditions Binsfeld.
- 2000: Den Erni, aus dem Liewe vun engem Walfer Kueb. Editioun Walfer Gemeng.
- 2004: Kenns Du dat Land? Geschichten a Gedichter. Éditions Les Cahiers Luxembourgeois
- 2010: De Fatzert. Theaterstéck an engem Akt.
- 2012: Den Abbes an d'Nicole. 9 Geschichten aus dem Liewen. Éditions Guy Binsfeld, ISBN 978-2-87954-261-4.
- Conter, Claude D., 2007. Pütz, Pol. In: Luxemburger Autorenlexikon. Erausgi vum Germaine Goetzinger & Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat aneren. S. 487-488. Centre national de littérature. Imprimerie Graphic Press.
Moiesnoriichten de 4. Juli 2012 um 100,7.