From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jacques Rigaud, gebuer den 2. Februar 1932 zu Paräis, a gestuerwen de 7. Dezember 2012[1], war en héije franséische Beamten, Professer, Manager an Auteur, dee vun 1979 bis 1998 als Administrateur-délégué RTL geleet huet.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Manager an Administrateur vun RTL Jacques Rigaud. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jacques Rigaud. |
Jacques Rigaud | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacques Adrien Rigaud |
Gebuer |
2. Februar 1932 17. Arrondissement |
Gestuerwen |
6. Dezember 2012 14. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, École nationale d'administration |
Aktivitéit | Héije Fonctionnaire, Kulturwëssenschaftler, Publizist |
De Jacques Rigaud ass en Diploméierte vun der Ecole nationale d'administration (ENA). Hien huet uschléissend am Conseil d'État zu Paräis seng Carrière ugefaangen. Hien hat och eng ganz Rei aner administrativ Funktiounen, ënner anerem am Cabinet vum Minister Pierre Sudreau, an als Cabinetschef vum Jacques Duhamel, deen den Agrar- an duerno de Kulturportefeuille ënner dem Georges Pompidou hat. Vun 1975-1978 war hien och stellvertriedende Generaldirekter bei der UNESCO. 1979 huet hien eng Nominatioun als Administrateur-délégué bei RTL ugeholl, eng Funktioun, déi hien 20 Joer laang hat. Donieft hat en nach en ettlech aner Funktiounen an Organisatiounen an Entreprisen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.