Den Tomislav Nikolić (serbesch-kyrillesch: Томислав Николић), gebuer de 15. Februar 1952, ass e serbesche Politiker an war vum 31. Mee 2012 bis den 31. Mai 2017 President vu Serbien.
Tomislav Nikolić | |
---|---|
Gebuer |
15. Februar 1952 Kragujevac |
Nationalitéit | Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Serbien a Montenegro, Serbien |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Onofhängeg |
Hie war Grënner vun der Serbescher Progressiver Partei an hire fréiere President. Virdru war hie laang Deputéierten am serbesche Parlament fir d'Serbesch Radikal Partei (SRS). Vun 1998 bis 1999 war hie Premierminister a vun 1999 bis 2000 Vizepremierminister vun der Federaler Republik Jugoslawien. Vun 2003 bis 2008 war hie Fraktiounschef vun der Radikaler Partei am Parlament, an 2007 Parlamentsresident. 2008 ass hien am Sträit iwwer d'Positiounéierung vis-à-vis vun der EU mam Parteichef Vojislav Šešelj zeréckgetrueden (de Šešelj war géint e Bäitrëtt vu Serbien, den Nikolić dofir). Doropshin huet den Nikolić dann, mat aneren 'Dissidenten' d'Serbesch Progressiv Partei gegrënnt.
Um Spaweck
Commons: Tomislav Nikolić – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.