International Astronomesch Unioun

Associatioun vun Astronomen From Wikipedia, the free encyclopedia

International Astronomesch Unioun

D'International Astronomesch Unioun, ofgekierzt IAU, ass am Joer 1919 gegrënnt ginn. Et ass eng weltwäit Gesellschaft vun Astronome mat Sëtz zu Paräis. Hiert Zil ass d'Ënnerstetzung vun der Astronomie duerch eng international Zesummenaarbecht. Si ass nieft aneren änlechen Organisatioune fir aner Wëssenschaftsdeeler e Member vum International Council of Scientific Unions (ICSU), dee säi Sëtz och zu Paräis huet. Mat dem Stand vum August 2006 sinn an der IAU 8858 Eenzelmembere aus weltwäit 85 verschiddene Länner souwéi 62 astronomesch Gesellschaften an national Akademien zesummegeschloss.

Thumb
Logo vun der I.A.U.

Organisatoresches

D'Organisatioun organiséiert zanter 1922 all dräi Joer an ëmmer an engem anere Land eng Generalversammlung. Op dëse Generalversammlunge ginn nei astronomesch Entdeckungen diskutéiert an néideg Kooperatiounen a Standardiséierunge behandelt. Sou gi Froe vun der Nomenklatur gekläert, wéi d'Nimm vu Stären, Planéiten, Asteroiden an aner Himmelskierper souwéi vun Uewerfächmierkmoler, wéi zum Beispill vu Bierger a Krateren.

Méi Informatiounen Nr., Numm vu verschidde Kommissiounen ...
Nr. Numm vu verschidde Kommissiounen
4Ephemeriden
5Dokumentatioun an
astronomesch Date
6Astronomesch Telegrammer
7Himmelsmechanik an
dynamesch Astronomie
8Astrometrie
9Astronomesch Techniken
an Instrumenter
10Sonnenaktivitéit
12Stralung an Opbau
der Sonnenatmosphäre
14Atom- a Molekülldaten
15Physikalescht Studium der
Koméiten a kleng Planéiten
16Physikalescht Studium der
Planéiten a Mounden
19Äerdrotatioun
20Positiounen a Beweegunge vu klenge
Planéiten, Koméiten a Mounden
21Nuetshimmelliicht
22Meteoren, Meteoritten an
interplanetare Stëbs
25Stärephotometrie a -polarimetrie
26Duebel- a Méifachstären
27Verännerlech Stären
28Galaxien
29Stärespektren
30Radialvitess
31Zäit
33Opbau an Dynamik
vu galaktesche Systemer
34Interstellar Matière
35Stärenopbau
36Theorie vu Stäreatmosphären
37Stärekéip an Associatiounen
40Radioastronomie
41Geschicht vun der Astronomie
42Duebelstären déi no beienee stinn
44Weltraum an
Héichenergieastrophysik
45Stäreklassifikatioun
46Astronomieausbildung
47Kosmologie
49Interplanetaresche Plasma
an Heliosphär
50Schutz vun existéierenden an
potentiellen Observatiounsplazen
51Bioastronomie:
Sich no ausserierdeschem Liewen
Zoumaachen

Ongeféier 37 Kommissioune vun der IAU si fir verschidde Saachgebidder a fir d'Plangen an Duerchféierung vu Fuerschungsprogrammer op iwwernationalem Niveau zoustänneg. Donieft gëtt et och nach verschidden Aarbechtsgruppen, wéi déi fir d'Nomenklatur vu planetaresche Systemer (WGPSN: Working Group for Planetary System Nomenclature).

D'IAU huet d'Patronat iwwer vill international astronomesch Sëtzunge wéi speziell Symposien a Kolloquien souwéi iwwer d'Klengplanéiten-Zentrum an d'Zentralbüro fir astronomesch Telegramme am Smithsonian Astrophysical Observatory zu Cambridge, Massachusetts, dat den zentralen Noriichtendengscht observéiert. Doriwwer eraus ënnerstëtzt d'IAU och d'Astronomie an den Entwécklungslänner.

Historesches

Als Ur-Organisatioun vun der IAU kann d'Kommissioun vum Carte du Ciel-Projet betruecht ginn, déi hiren Intressi un der Vermiessung vu Stäreplazen vum Joer 1887 op aner Gebidder vun der Astronomie ausdeent huet.

Méi Informatiounen Joer a Plaz vun de Generalversammlungen ...
Joer a Plaz vun de Generalversammlungen
1.1922Roum, Italien
2.1925Cambridge, England
3.1928Leiden, Holland
4.1932Cambridge, Massachusetts, Amerika
5.1935Paräis, Frankräich
6.1938Stockholm, Schweden
7.1948Zürich, Schwäiz
8.1952Roum, Italien
9.1955Dublin, Irland
10.1958Moskau, Sowjetunioun
11.1961Berkeley, Kalifornien, USA
12.1964Hamburg, Däitschland
13.1967Prag, Tschechoslowakei
14.1970Brighton, England
15.1973Sydney, Australien
16.1976Grenoble, Frankräich
17.1979Montréal, Kanada
18.1982Patras, Griicheland
19.1985Nei-Delhi, Indien
20.1988Baltimore, Maryland, USA
21.1991Buenos Aires, Argentinien
22.1994Den Haag, Holland
23.1997Kyoto, Japan
24.2000Manchester, England
25.2003Sydney, Australien
26.2006Prag, Tschechien
27.2009Rio de Janeiro, Brasilien
28.2012Peking, China
29.2015Honolulu, USA
30.2018Wien, Éisträich
31.2021Busan, Südkorea
Zoumaachen

Am Joer 1922 huet d'IAU zu Roum déi haiteg Zuel vun 88 Stärebiller festgeluecht. 1925 am englesche Cambridge krut de belschen Astronom Eugène Joseph Delporte vun hir den Optrag, déi genee Grenze vun de Stärebiller ze zéien. An am Joer 1928 goufen déi Grenzen zu Leiden ugeholl.

Kuckt och

Literatur

  • Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. In 2 Bänden. Herder, Freiburg 1989f. ISBN 3-451-21632-9
  • Helmut Zimmermann, Alfred Weigert: ABC-Lexikon Astronomie. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 81995. ISBN 3-86025-688-2
  • Jacqueline Mitton: Astronomie von A bis Z. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1995. ISBN 3-440-07007-7

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.