Astronomie
Wëssenschaft vum Ënnersiche vun Himmelskierper From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Remove ads
Astronomie ass e Begrëff fir déi Branche vun den Naturwëssenschaften, déi sech mat der Erfuerschung vum Universum ofginn, dat heescht, mat der Verdeelung a Beweegung, de physikaleschen Eegenschaften an Zoustänn, dem Entstoen, der Entwécklung an der Zesummesetzung vun der Matière am Weltraum a mat der Entwécklung an de Strukture vum Kosmos am grousse Ganzen. D'Astronomie ass déi eelst Naturwëssenschaft iwwerhaapt.
Den Numm Astronomie kënnt aus dem Griicheschen άστρον (ástron - Stär) an νόμος (nomos - Gesetz). D'Astronomie beschäftegt sech nieft de Planéiten a Fixstären och mat Galaxien a villen aneren Himmelsobjeten. An der Astronomie fanne sech awer och Erkenntnesser aus anere Fachgebidder, wéi zum Beispill der Physik, der Chimie, der Geologie, der Geophysik, der Mineralogie, der Biologie, der Mathematik, der Kartographie an nach aneren.

Remove ads
Astronomie
Duerch d'visuellt Betruechte vum Nuetshimmel an dem Laf vun de Planéiten an der Sonn gëtt Astronomie schonn zanter Joerdausende bedriwwen. Zanter véierhonnert Joer ginn Teleskope benotzt; zu de Pionéier gehéiert ënner anerem de Galileo Galilei.
D'19. Joerhonnert huet grouss Fortschrëtter mat sech bruecht, besonnesch duerch d'Fotografie an d'Spektroskopie. An der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum d'onbemannt a bemannt Raumfaart derbäi. Mëttlerweil gëtt mat de verschiddenste physikalesche Methoden all elektromagnéitesch Stralung déi aus dem Weltraum kënnt beobacht.
Remove ads
Spezialgebidder vun der Astronomie
Literatur zum Theema
- dtv-Atlas Astronomie Bd.3006. 14., 2000.
- Unsöld,Albrecht / Baschek, Bodo, Der neue Kosmos,
- Sky & Telescope. Englesch Originaleditioun
- Sterne und Weltraum. Zäitschrëft fir d'Astronomie
- Interstellarum. Zäitschrëft fir praktesch Astronomie (kënnt all 2 Méint eraus)
- Sternenbote. Éisträichesch astronomesch Schrëft
- Astronomie Heute. Populär Zäitschrëft fir Astronomie a Raumfaart (10 Editiounen / Joer, däitsch Editioun vun Sky & Telescope)
Kuckt och
- Geschicht vun der Astronomie
- Chronologie vun der Astronomie
- Lëscht vun Astronomen
- Lëscht vun diffusen Niwwelen
- Lëscht vun de Sonnendäischterten
- Lëscht vun de gréisste Stären
- Lëscht vun den hellste Stären
- Lëscht vun den nooste Stären
- Lëscht vun den hellste Galaxien
- Lëscht vun den Donkelniwwelen
- Lëscht vun den IC-Objeten
- Lëscht vun de gréissten opteschen Teleskopen
Remove ads
Um Spaweck
Commons: Astronomie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- NASA: Astronomy Picture of the Day – All Dag en neit Bild mat Bericht (Englesch)
- NASA ADS – Datebank mat astronomescher Fuerschungsliteratur (Englesch)
Lëtzebuerg
De Rescht vun der Welt
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads