Sterne und Weltraum (kuerz: SuW) ass eng däitschsproochesch Zäitschrëft fir Astronomie. Si kënnt all Mount an der Spektrum der Wissenschaft Verlagsgesellschaft mbH eraus. An hir beschreiwe Fachleit an Amateuren aktuell, wéi och grondleeënd Fuerschungstheemen an Neiegkeeten am Universum. Wie selwer Sonn, Äerdmound, Planéiten a Stäre wëll kucken, kritt hei ausféierlech Informatiounen.
D'Zäitschrëft, déi 1962 vum Hans Elsässer, Rudolf Kühn a Karl Schaifers gegrënnt gouf, gëtt all Mount am Max-Planck-Institut fir Astronomie zu Heidelberg gemaach. Ufanks gouf si zu Mannheim, spéider zu München an zanter 1996 zu Heidelberg zesummegestallt. Den 1. Januar 1997 huet Sterne und Weltraum mat der Zäitschrëft Die Sterne (zanter 1921) fusionéiert. Den Numm Sterne und Weltraum ass bliwwen.
Literatur
- Sterne und Weltraum. Verlag Sterne und Weltraum, Mannheim-München 1.1962,1ff., Spektrum der Wissenschaft Verlagsgesellschaft mbH, Heidelberg 2001ff.
- Die Sterne. Barth, Leipzig-Heidelberg-Berlin 1.1921,1ff.
Kuckt och
- Astronomie Heute, vu Mee 2008 zesumme mat Sterne und Weltraum.
- Interstellarum, D'Zäitschrëft fir praktesch Astronomie, kënnt all zwéi Méint eraus.
- Sternenbote, éisträichesch astronomesch Schrëft, kënnt all Mount eraus.
- Sky & Telescope, US-amerikanesch astronomesch Zäitschrëft, kënnt all Mount eraus
Um Spaweck
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.