Busan

zweetgréisst Stad a Südkorea From Wikipedia, the free encyclopedia

Busan
Remove ads

Busan (kor. 부산|h=釜山, fréier Schreifweisen: Pusan; Fusan) ass mat ronn 3,5 Milliounen Awunner(Stand 2018) no der Haaptstad Seoul déi zweetgréisst Stad vu Südkorea a läit um südëstlechen Enn vun der Koreanescher Hallefinsel. Et ass eng vun de féierenden Industriestied vum Land.

Séier Fakten Land, Vewaltungseenheet ...
Thumb
Den Hafe vu Busan, Bléck no Süden

Am Koreakrich war Busan zesumme mat Daegu déi eenzeg wichteg Stad, déi ni vun den nordkoreaneschen Truppe besat gouf.

Remove ads

Geographie

Den Numm Busan heescht sou vill wéi "Kesselbierg" a spillt drop un, datt ronderëm d'Stad eng Biergkette läit, bal wéi bei engem Amphitheater.

D'Stad läit un der Mëndung vum Floss Nakdonggang an de Pazifik an huet duerch seng vill Buchten e gudden natierlechen Hafen.

Eng 50 km méi südlech ass schonn déi éischt japanesch Insel.

Fotosalbum

Um Spaweck

 Commons: Busan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads