Pol Greisch
lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pol Greisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 zu Walfer, ass e lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur.
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pol Greisch | |
---|---|
Gebuer |
8. Abrëll 1930 Walfer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Dramatiker, Filmschauspiller, Dichter, Dréibuchauteur |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Bestuet mat | Juliette François |
Kanner | Cary Greisch |
Zanter 1953 huet de Pol Greisch, dacks zesumme mat senger Fra, der Juliette François, déi 2007 gestuerwen ass, a franséisch-, däitsch- oder lëtzebuergeschsproochegen Theaterstécker gespillt. Nieft de Stécker schreift hie Prosa a Gedichter. Hie gouf fir seng Wierker ë. a. zweemol hannereneen mam Präis vum Nationale Literaturconcours (1979, 1980), zweemol mam Servais-Präis (1993, 2013) a mam Batty-Weber-Präis (2002) ausgezeechent.
De Pol Greisch ass Member vum Institut grand-ducal a war Vizepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
De Pol Greisch ass de Papp vum Gittarist Cary Greisch.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.