lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tullio Forgiarini, gebuer 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Auteur.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tullio Forgiarini | |
---|---|
Gebuer |
1966 Neiduerf/Weimeschhaff |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
No senger Première am Stater Jongelycée, 1985, huet hien an der Stad Lëtzebuerg an zu Stroossbuerg Geschicht studéiert. Zanter 1989, ass hien Enseignant fir Geschicht, Latäin a Geographie am Lycée du Nord zu Wolz.[1]
Den Tullio Forgiarini schreift Romaner, Erzielungen, Dréibicher an Theaterstécker, meeschtens fir Erwuessener, ma och fir Jugendlecher a Kanner. Seng Texter si meeschtens gesellschaftskritesch a vu schwaarzem Humor duerchzunn. Hien huet ufanks op Franséisch geschriwwen, dono och op Lëtzebuergesch, Däitsch an heiansdo Englesch.[1]
Säi Roman Amok war lëtzebuergesche Laureat vun der 2013er Editioun vum Europäesche Literaturpräis.[2] Eng Verfilmung vum Donato Rotunno ënner dem Titel Baby (a)lone koum 2015 an de Kino.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.