däneschen Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jørn Oberg Utzon, gebuer den 9. Abrëll 1918 zu Kopenhagen, a gestuerwen den 29. November 2008 zu Helsingør, war en däneschen Architekt. Hie gouf virun allem mam Entworf vum Sydney Opera House bekannt. 2003 krut hien de Pritzker-Präis fir säi Liewenswierk.
Jørn Utzon | |
---|---|
Gebuer |
9. Abrëll 1918 Kopenhagen |
Gestuerwen |
29. November 2008 Helsingør |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Dänemark |
Educatioun | Kinneklech Dänesch Konschtakademie |
Aktivitéit | Architekt |
Member vun | Royal Academy |
Famill | |
Kanner | Jan Utzon, Kim Utzon, Lin Utzon |
Hien huet 1950 zu Kopenhagen säin eegenen Architektebüro opgemaach. 1957 gouf hien op ee Coup berüümt, wéi e mat sengem Entworf de Concours fir d'Oper zu Sydney gewonnen huet. Dono krut hie Commandë vun uechter d'Welt, z. B. d'Melli-Bank zu Teheran (1963), e Stadion a Saudi-Arabien (1967), d'Bagsværd-Kierch zu Kopenhagen (1976) an d'Parlamentsgebai am Kuwait (1972–1987, zesumme mat sengem Jong Jan). Och de Waassertuerm zu Svaneke op Bornholm (1950) ass vun him.
Commons: Jørn Utzon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.