04. Abrëll: 1 - 3 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich géint de CPE, e Gesetz, dat et soll erliichteren, Leit ënner 26 Joer anzestellen - mä och erëm z'entloossen.
19. Abrëll: Den italieeneschen Ieweschte Geriichtshaff erkläert dem Romano Prodi seng Wal-Alliance L'Unione zum Gewënner vun de Parlamentswalen, déi den 9. an 10.4. ofgehale goufen, a ganz knapps ausgaange waren.
23. Abrëll: D'sozialistesch-liberal Koalitiounsparteien ënner dem Premier Ferenc Gyurcsány ginn an Ungarn vun de Wieler am Amt confirméiert.
17. September: Bei de Parlamentswalen a Schweden gewënnt déi oppositionell Mëtt-Riets-Allianz mam Fredrik Reinfeldt un der Spëtzt mat enger knapser Majoritéit.
17. September: Zu Budapest ginn Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, nodeem bekannt gouf, datt de Premier Gyurcsány gesot hat, hien hätt d'Leit "moies, mëttes an owes" belunn, fir erëmgewielt ze ginn.
01. Oktober: Bei de Parlamentswalen an Éisträich kritt d'Regierungspartei vum Wolfgang Schüssel (ÖVP) 34,2% vun de Stëmmen (-13 Sëtz), d'oppositionell SPÖ 35,7% (-1 Sëtz), déi domat stäerkst Partei ass.
11. Oktober: Bei engem Zuchaccident zu Zoufftgen tëscht engem CFL-Zuch an engem franséische Gidderzuch komme 6 Leit ëm d'Liewen, 16 ginn der blesséiert.
16. Januar A Liberia gëtt mat der Ellen Johnson-Sirleaf fir d'éischt an der Geschicht vum afrikanesche Kontinet eng Fra als gewielte Staatschefin vereedegt.
03. Februar: Beim Ënnergank vun der egyptescher Fär "Al-Salaam Bocaccio 98" am Roude Mier erdrénken ëm déi 1.000 Leit.
16. Januar: D'Vullegripp an hirer fir de Mënsch geféierlecher Form H5N1 ass an der Tierkei ukomm. De lokale Bilan schwätzt vu véier Doudesaffer an op d'mannst 20 weider Persounen déi sech mam Virus infizéiert hunn.
Februar: Déi vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten am September 2005 publizéiert Mohammed-Karikature léise mat Verspéidung massiv Protester an Iwwerfäll op Europäesch Ambassaden a verschiddene Länner am Noen Osten an an Asien aus.
12. Juli: Nodeem d'Hezbollah 2 israeelesch Zaldoten entfouert an der 8 doutgemaach huet, fänkt Israel mat Attacken op de Süde vum Libanon un (kuckt: Israel-Libanon-Konflikt).
14. August: UN-Waffestëllstand am Israel-Libanon-Konflikt.
22. August: De Grigori Perelman kritt d'Fields Medal vun der Clay Mathematics Institute dofir, datt en d'Konjektur vum Poincaré bewisen huet. Hien hëlt d'Medail awer net un.
06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Hesper 0:0 géint Lettland.[7]
07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Celje, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Slowenien.[8]
11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Bulgarien.[9]
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Togo.[10]
000?: Henri Heyart, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.