Eurovision Song Contest 2006

51. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 2006

Den 51. Eurovision Song Contest war den 18. an 20. Mee 2006 a Griicheland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Olympic Indoor Hall zu Athen. Presentateure waren d'Maria Menounos an de Sakis Rouvas. Den Televoting an der Finall gouf vun der griichescher Sängerin Nana Mouskouri gestart, déi 1963 bei der Eurovisioun fir Lëtzebuerg dobäi war.

Méi Informatiounen 51. Eurovision Song Contest ...
Thumb
51. Eurovision Song Contest
Motto Feel the Rhythm
Datum 18. Mee an 20. Mee 2006
Stad Athen (Griicheland)
Gebai Olympic Indoor Hall
Gewënner Lordi (Finnland)
Zuel vu Länner 37, dovu 24 an der Finall
Nei Participatiounen Armenien
Moderatioun Maria Menounos a Sakis Rouvas
Interval Act Elena Paparizou, Sakis Rouvas, Foteini Darra a Griichesch Dänzer
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Zoumaachen
Thumb
Mr. Lordi vun der Gewënnerband Lordi

Armenien ass nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 12 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, d'Slowakei, Éisträich, Ungarn a Serbien-Montenegro hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hu 37 Länner matgemaach.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Anna Vissi fir Griicheland 1980 an 1982 (fir Zypern), den Eddie Butler fir Israel 1999 (Deel vum Grupp Eden), de Viktoras Diawara (Deel vun LT United) fir Litauen 2001 (Deel vum Grupp SKAMP), de Fabrizio Faniello fir Malta 2001, den Ich Troje fir Polen 2003 an d'Carola Häggkvist fir Schweden 1983 an 1991.

Zanter 2004 gëtt et zwee, resp. dräi Deeg virun der Finall eng Qualifikatiounsronn, aus där déi zéng Éischtplacéiert d'Finall erreechen. Véierzéng weider Länner si scho fir d'Ennronn qualifizéiert gewiescht: déi Beschtplacéiert vum Virjoer souwéi déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt gi fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Athen matgedeelt ginn. D'Länner hunn alleguer, souwuel an der Halleffinall, wéi och an der Finall däerfen ofstëmmen. D'Punktevergab gouf awer gekierzt, sou wéi dat schonn zanter 2005 beim Junior Eurovision Song Contest gehandhabt ginn ass. De jeeweilegen nationale Spriecher gëtt nëmmen déi dräi héchst Wäertungen (12, 10 an 8) duerch, déi éischt siwe Wäertungen erschéngen direkt op der Punktentafel.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Finnland, d'Grupp Lordi mat 44 Punkte Virsprong virum Dima Bilan (Russland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Hari Mata Hari, déi fir Bosnien an Herzegowina ugetruede war.

Fir Finnland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

D'Show gouf vu knapps 110 Millioune Leit um Fernsee gekuckt; dovun eleng 10,5 Milliounen an Däitschland.

National Qualifikatioun

Finall

Follgend véierzéng Länner waren direkt fir d'Finall qualifizéiert:

Déi bescht zéng vum Joer virdrun

  • Dänemark: Den 11. Februar hat d'dänescht Publikum beim Melodi Grand Prix zu Aalborg d'Geleeenheet, aus zéng Titelen hir Landesvertrieder fir Athen ze wielen. Iwwerraschend huet eng 17 Joer al Debütantin gewonnen, d'Sidsel Ben Semmane mam Lidd Twist of love.
  • Griicheland: De griichesche Televisiounssender ERT huet de 24. Januar bekannt ginn, datt d'Anna Vissi fir d'Gaaschtgeberland un de Start geet; aus véier Titele gouf de 14. Mäerz d'Lidd ausgewielt, mat deem et utriede sollt. D'Vissi huet Griicheland schonn eng Kéier 1980 mam Titel Autostop vertrueden (13. Plaz). 1982 ass et mat Mono i agapi fir Zypern ugetrueden (5. Plaz).
  • Israel: Israel huet säi Vertrieder aus eelef Bewerber de 15. Mäerz zu Jerusalem ausgewielt.
  • Lettland: D'lettesch Virentscheedung war den 11. Mäerz zu Ventspils. Gewënner war d'A-capella-Band Cosmos mam Lidd I Hear Your Heart.
  • Malta: De malteesesche Bäitrag gouf de 4. Februar zu Valletta ausgewielt. Beim Malta Song for Europe Festival huet de Fabrizio Faniello mam Song I do gewonnen. Hien hat Malta schonn 2001 vertrueden.
  • Moldawien: De Vertrieder vum Land sollt aus 13 Bewerber bei enger Virentscheedung de 25. Februar zu Chişinău ausgewielt ginn. Well bei enger Wäertung, zesummegesat aus 50 % Nokuckertenuriff a 50 % Juryvoten, dräi Interpreten de selwechte Punktestand erreecht hunn an d'Jury dovun, dem Reegelwierk entspriechend, kee Gewënner bestëmme wollt, ass déi éischt Ofstëmmung ouni Gewënner op en Enn gaangen. Als Grond gouf déi kleng Kompetitivitéit vun de Bäiträg genannt. D'Entscheedung ass dann awer de 15. Mäerz an enger zweeter Virentscheedung, an där ee Bäitrag aus der éischter Virentscheedung a véier nei Bäiträg presentéiert goufen, gefall. Gewënner war Arsenium & Natalia Gordienko mam Titel Loca.
  • Norwegen: Den norwegesche Bäitrag gouf de 4. Februar an der Finall vun der Melodi Grand Prix 2006 zu Oslo ausgewielt. Gewonnen huet d'Christine Guldbrandsen mam Titel Alvedansen.
  • Rumänien: De 26. Februar, gouf no zwou Semifinallen, e Virentscheed am rumänesche Fernsee TVR de Mihai Trăistariu mam Titel Tornerò ausgewielt. Beim Virentscheed huet d'Jury an d'Nokuckerten de Gewënner aus zwielef Participanten ausgesicht.
  • Schwäiz: D'Schweizer Fernsehen huet an engem interne Virentscheed e Song vun den däitsche Komponisten Ralph Siegel a Bernd Meinunger ausgewielt. D'Lidd If we all give a little gouf den 18. Mäerz virgestallt. Als Interpret huet de Ralph Siegel déi sechskäppeg Grupp six4one duerch e Casting zesummegestallt.
  • Serbien a Montenegro: Den 11. Mäerz sollt Serbien a Montenegro säi Bäitrag mat der Televisiounsshow Evropesma 2006 auswielen. Virun der Finall gouf et zwou Semifinallen (Beovizija a Montevizija) an de béide Landesdeeler. Dobäi hu sech zwielef Lidder aus Serbien a weider zwielef aus Montenegro fir d'Finall qualifizéiert. Do huet d'Grupp No Name mam Titel Moja Ljubavi gewonnen, d'Gewënner vum Televoting, d'Grupp Flamingosi feat. Luis, krut vun de Jurymemberen aus Montenegro keng Punkten. Well ugeholl gouf, datt et bei der Ofstëmmung zu Onreegelméissegkeete komm wier, gouf d'Resultat annuléiert a fir den 19. Mäerz en zweete Virentscheed ugesat, bei deem een och zu kengem konkreete Resultat komm ass. De montenegrineschen Televisiounssender RTCG huet sech géint eng nei Televoting-Ofstëmmung gewiert an huet drop bestanen, datt d'Grupp No Name als Gewënner gezielt gëtt. Den 20. Mäerz deelt RTS der EBU den definitive Réckzuch aus der Eurovisioun mat. D'Land huet de Grand Prix awer Live iwwerdroen an huet och um Televoting deelgeholl.
    • Nogerutscht: Kroatien: Déi kroatesch Televisiounsnokuckerten an d'Jury vun der HRT hunn hire Bäitrag duerch d'Virentscheedung Dora ermëttelt. Gewonnen huet do d'Sängerin Severina mam Titel Moja štikla. Komponéiert gouf de Song vum Boris Novković.

Déi Grouss Véier (Big-4)

Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenie leeschten de finanziell gréisste Bäitrag fir d'EBU. Ausserdeem kommen aus dëse Länner, gemooss un den Nokuckertenzuelen, déi gréisst Membersender vun der EBU, déi zesumme bal eng Véirelsmilliard Mënsche versuergen. Fir ze verhënneren, datt bei schlechte Plazen am Virjoer e Groussdeel vum europäeschen Nokuckertepotenzial ewechbrieche kéint, ginn dës Länner grondsätzlech an der Finall placéiert.

  • Däitschland: Wéinst dem schlechten Ofschneiden am Virjoer, gouf d'Kandidatenauswiel 2006 geännert. Eng Jury vun den ARD-Cheffen huet aus Virschléi vun der däitscher Musekindustrie dräi Kandidate fir d'Virentscheedung ausgewielt. Zu den Auswalkriteren hu virun allem eng héich Showakzeptanz an e gudde musekalesche Standard gezielt. Den 9. Mäerz huet d'Band Texas Lightning géint den Thomas Anders an d'Vicky Leandros déi däitsch Virentscheedung gewonnen.
  • Frankräich: D'franséischt Publikum huet de 14. Mäerz an engem Virentscheed mat 21 Kënschtler seng Vertrieder fir Athen ausgewielt. D'Kandidate fir de Virentscheed goufen duerch verschidden Auswalverfahren, ënner anerem duerch Webvoting, d'Castingshow Entrée des artistes an d'Dokumentatioun Dom Tom Folies, bestëmmt. D'Gewënnerin war d'Virginie Pouchain. De Bäitrag Nous, c'est vous, deen et um Enn vun der Virentscheedung virgestallt huet, gouf awer als "net geeegnet" fir d'international Finall agestuuft, sou datt et mam Titel Il était temps zu Athen ugetrueden ass.
  • Groussbritannien: Bis zum 31. Dezember konnt ee bei der BBC Bäiträg aschécken. De 4. Mäerz gouf de Gewënner an der Televisiounsshow Making your mind up bestëmmt. De Gewënner vun dëser Virentscheedung war den Daz Sampson mam Titel Teenage Life.
  • Spuenien: Beim spuenesche Sender TVE konnte bis zum 31. Januar Lidder agereecht ginn. Bäiträg mat friemsproochege Liddertexter waren net zougelooss. Interpret an Titel goufen intern ausgewielt. De 27. Februar huet TVE bekannt ginn, datt d'Grupp Las Ketchup (bekannt duerch de Summerhit Aserejé) Spuenien mam Lidd Bloody Mary vertriede sollt.

Participatiounen

Halleffinall

Follgend Länner hunn un der Halleffinall deelgeholl (d'Plaze goufe mat de Punkten eréischt nom Enn vun der Finall bekanntginn). D'Plazen 1 bis 10 hu sech fir d'Finall qualifizéiert.

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...
PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
116FinnlandLordiHard Rock Hallelujah292
222Bosnien an HerzegowinaHari Mata HariLejla267
313RusslandDima BilanNever let you go217
420SchwedenCarolaInvincible214
518LitauenLT UnitedWe Are the Winners163
61ArmenienAndréWithout Your Love150
715UkrainTina KarolShow Me Your Love146
814TierkeiSibel TüzünSüper star91
98IrlandBrian KennedyEvery Song Is a Cry for Love79
1011MazedonienElena RistevskaNinanajna76
1112PolenIch TrojeFollow My Heart70
127BelschKate RyanJe t'adore69
1323IslandSilvía NightCongratulations62
146AlbanienLuiz EjlliZjarr e ftohtė58
159ZypernAnnette ArtaniWhy Angels Cry57
163SlowenienAnžej DežanMr. Nobody (Plan B)49
172BulgarienMariana PopovaLet Me Cry36
1821EstlandSandra OxenrydThrough My Window28
1919PortugalNonstopCoisas de nada26
2017HollandTrebleAmanbanda22
2110MonacoSéverine FerrerLa coco-dance14
225WäissrusslandPolina SmolovaMama10
234AndorraJennySense tu8
Zoumaachen

Finall

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...
PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
117FinnlandLordiHard Rock Hallelujah292
210RusslandDima BilanNever Let You Go248
313Bosnien an HerzegowinaHari Mata HariLejla229
412RumänienMihai TrăistariuTornero172
522SchwedenCarolaInvincible170
614LitauenLT UnitedWe Are the Winners162
718UkrainTina KarolShow Me Your Love145
824ArmenienAndréWithout Your Love129
916GriichelandAnna VissiEverything128
1021IrlandBrian KennedyEvery Song Is a Cry for Love93
1123TierkeiSibel TüzünSüper star91
1211MazedonienElena RistevskaNinanajna56
1320KroatienSeverinaMoja štikla56
145NorwegenChristine GuldbrandsenAlvedansen36
158DäitschlandTexas LightningNo No Never36
164LettlandCosmosI Hear Your Heart30
171Schwäizsix4oneIf We All Give a Little30
189DänemarkSidsel Ben SemmaneTwist of Love26
1915GroussbritannienDaz SampsonTeenage life25
202MoldawienArsenium & Natalia GordienkoLoca22
216SpuenienLas KetchupBloody Mary18
2219FrankräichVirginie PouchainIl était temps5
233IsraelEddie ButlerTogether we are one4
247MaltaFabrizio FanielloI Do1
Zoumaachen

De Gewënner an déi gréng markéiert Länner waren am Joer drop (2007) automatesch fir d'Finall qualifizéiert. Bemierkenswäert ass, datt sech ënner den éischten Zwielef all déi zéng Bäiträg erëmfannen, déi sech an der Halleffinall qualifizéiert haten.

Punkteverdeelung an der Finall

Méi Informatiounen Plaz, Land ...
PlazLandALADBYBEBAHRCYDKEEMKFIFRDEGRISIEILLVLTMTMCNLNOPLPTRORUCSSLESSECHTRUAGBBGMDAMPunkte
1. Finnland1078710512126 X81012121078107712126487810128771256292
2. Russland46123678210812268551212125231078 X54775121101012248
3. Bosnien-
Herzegowina
1246 X122812106763224128842761212110121210755229
4. Rumänien233225106426757261021104310 X44512613162124172
5. Schweden10855331071737757565107852176 X26426170
6. Litauen764647838141012310 X1765845334351014162
7. Ukrain51054655256165722161231022318 X3810145
8. Armenien81271031082105112810887 X129
9. Griicheland812101127158 X38510645471218128
10. Irland42564141 X464104725215328393
11.Tierkei7710412123112610 X3491
12.Mazedonien388 X86466756
13.Kroatien12 X102410106256
14.Norwegen1152461 X7233136
15. Däitschland513 X333157536
16.Lettland34 X8814230
17.Schwäiz4341261 X30
18.Dänemark X1386826
19. Groussbritannien2114281321 X25
20.Moldawien1312321 X22
21. Spuenien612 X18
22. Frankräich X325
23.Israel4 X4
24.Malta1 X1
Zoumaachen

Déi faarweg ënnerluechte Länner si fir d'Finall vum Eurovision Song Contest 2007 qualifizéiert (donkelgréng: duerch d'Plaz qualifizéiert; hellgréng: déi Grouss Véier).

Legend

AD: Andorra, AL: Albanien, AM: Armenien, BA: Bosnien an Herzegowina, BE: Belsch, BG: Bulgarien, BY: Wäissrussland, CH: Schwäiz, CS: Serbien-Montenegro, CY: Zypern, DE: Däitschland, DK: Dänemark, EE: Estland, ES: Spuenien, FI: Finnland, FR: Frankräich, GB: Groussbritannien, GR: Griicheland, HR: Kroatien, IE: Irland, IL: Israel, IS: Island, LT: Litauen, LV: Lettland, MC: Monaco, MD: Moldawien, MK: Mazedonien, MT: Malta, NL: Niederlande, NO: Norwegen, PL: Polen, PT: Portugal, RO: Rumänien, RU: Russland, SE: Schweden, SL: Slowenien, TR: Tierkei, UA: Ukrain

Trivia

  • D'Startnummer 8 vun der Halleffinall vum 18. Mee, Brian Kennedy fir Irland, war den 1000. Song, deen am Ganze beim Eurovision Song Contest presentéiert gouf.
  • Finnland war dat éischt Land an der Geschicht vum Song Contest, dat d'Halleffinall an d'Finall zesumme gewonnen huet (béid Kéiere mat 292 Punkten, wat en neie Rekord war).
  • Den Željko Joksimović krut no 2004 fir déi zweet Kéier d'Auszeechnung fir déi bescht Kompositioun (2004 ass hie mat Lane moje 2. ginn, 2006 huet en de bosnesch-herzegowinesche Bäitrag Lejla komponéiert.
  • An der Halleffinall sinn et Buh-Ruffer fir d'Islännerin Silvía Nótt ginn. Si hat virun der Halleffinall an hirer Roll als Fantasifigur, Journalisten a Griiche beleidegt.
  • D'Publikum an der Finall war vun der Grupp LT United net begeeschtert. Virun allem hire Liddtext, an deem se sech zum Gewënner vun der Eurovisioun proklaméiert hunn, war doru Schold.
  • Déi finnesch Band Lordi war déi éischt Metal- resp. Hard Rock-Band an der Geschicht vum Grand Prix.
  • Déi lettesch Band Cosmos war déi éischt A-cappella-Band an der Geschicht vum Grand Prix.
  • Déi zéng Halleffinalliste kruten an der Finall méi wéi 50 Punkten a waren doduerch ënner den éischten zwielef Natiounen.
  • D'Big-4 Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien hunn dës Kéier nees schlecht ofgeschnidden. Beschte vun de Grousse Véier war Däitschland mat 36 Punkten op der 15. Plaz.
  • De Ralph Siegel huet och 2006 nees um ESC deelgeholl, dës Kéier awer fir d'Schwäiz, net fir Däitschland. Dëst war seng 18. Participatioun als Komponist bei der Eurovisioun.

Um Spaweck

Commons: Eurovision Song Contest 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méi Informatiounen Kiew (Ukrain), Helsinki (Finnland) ...
Kiew (Ukrain) Thumb Helsinki (Finnland)
ESC 2005 Eurovision Song Contest ESC 2007
Zoumaachen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.