European Broadcasting Union

From Wikipedia, the free encyclopedia

European Broadcasting Union

D'European Broadcasting Union, EBU; (fr: Union Européenne de Radio-Télévision, de: Europäische Rundfunkunion) ass en Zesummeschloss vun zur Zäit 74 Radiosenderen a 56 Staate vun Europa, Nordafrika an am Noen Osten mat Sëtz zu Genf.[1]

Thumb
Logo vun der EBU (zanter Juli 2012)
Thumb
Memberlänner vun der EBU

Dobäi kommen nach ongeféier hallef sou vill associéiert Senderen aus der ganzer Welt.[2]

President vun der EBU ass den Intendant vum frankophone belsche Sender RTBF, Jean-Paul Philippot. Vizepresident ass de Claudio Cappon vum italieenesche Sender RAI. Haaptamtleche Generaldirektesch vun der EBU ass d'Schwäizerin Ingrid Deltenre, déi fréier Direktesch vum Schwäizer Fernseesender.

Geschicht

D'EBU gouf den 12. Februar 1950 op enger Konferenz zu Torquay (Groussbritannien) mam Zil gegrënnt, en Netzwierk fir den Austausch vun Noriichtefilmer opzebauen. Des Weidere soll d'EBU déi technesch Entwécklungen am Radio- a Fernseeberäich virun dreiwen a standardiséieren. Grënnungsmembere waren 23 Radiosenderen aus Europa an dem Mëttelmierraum.

Am Joer 1953 huet d'EBU d'Kréinung vun der englescher Kinnigin Elisabeth II. als éischt international Livesendung iwwerdroen. Déi éischt „offiziell“ Eurovisiounssendung war d'Iwwerdroung vum Narzissefestival 1954 vu Montreux. 1956 war d'Ausstralung vum éischten Eurovision Song Contest.

1993 huet sech d'EBU mat hirem osteuropäesche Pendant OIRT zesummegeschloss.

Am November 2011 huet Andorra wéinst finanzielle Schwieregkeete seng Memberschaft gekënnegt.[3] Et ass nach net genee bekannt wéini d'Memberschaft vum Land eriwwer ass.

Aktivitéiten

Radio

1991 gouf op Demande vun der EBU d'Héierspill Das Treffen in Valladolid vum britteschen Auteur Anthony Burgess (A Clockwork Orange) vun all de Memberslänner an hirer jeeweileger Sprooch produzéiert an zäitgläich vun alle Senderen iwwerdroen.[4]

Fernsee

Déi bekanntst Produktioun vun der EBU ass den Eurovision Song Contest deen all Joer am Fréijoer iwwerdroe gëtt. Produzéiert gëtt e vum Sender aus deem Land dat am Joer virdru gewonnen huet.

Vun 1965 bis 1999 ass vun der EBU d'Sendung Spiel ohne Grenzen iwwerdroe ginn. Doriwwer eraus produzéiert se an eegener Regie de Concours Eurovision Young Dancers an nach verschidde Kannerprogrammer an Dokumentarfilmen.

D'EBU bedreift och en eegene Satellittekanal, iwwer deen d'Members-Sender sech géigesäiteg eegent (Video-)Material zur Verfügung stellen.

Aktiv Memberen

Déi meescht Voll-Membere si Senderen déi dem Staat gehéieren oder et si privat Radiosstatioune mat engem ëffentlechen Informationsoptrag.

Méi Informatiounen Land, Radiosender ...
Land Radiosender Ofkierzung
EgyptenEgyptian Radio and Television UnionERTU
AlbanienRadio Televizioni ShqiptarRTSH
AlgerienEntreprise nationale de radiodiffusion sonoreENRS
Entreprise nationale de télévisionENTV
Télédiffusion d'AlgérieTDA
AndorraRàdio i Televisió d'Andorra (Mitgliedschaft gekündigt)RTVA
ArmenienPublic Radio of ArmeniaARMR
Public Television of ArmeniaARMTV
Aserbaidjanİctimai Televiziya və Radio Yayımları ŞirkətiİTV
BelschVlaamse Radio- en TelevisieomroepVRT
Radio-télévision belge de la Communauté françaiseRTBF
Bosnien an HerzegowinaJavni Radio Televizijski Servis Bosne I HercegovineJS BIH
BulgarienBulgarischer Nationaler HörfunkBNR
Bulgarisches Nationales FernsehenBNT
DänemarkDanmarks RadioDR
TV2 DanmarkDK/TV2
DäitschlandArbeitsgemeinschaft der öffentlich-rechtlichen Rundfunkanstalten der Bundesrepublik Deutschland (inklusiv Deutschlandradio an Deutsche Welle)ARD
Zweites Deutsches FernsehenZDF
EstlandEesti RahvusringhäälingERR
FinnlandMTV3MTV3
YleisradioYLE
FrankräichGroupement des radiodiffuseurs français: Télévision Française 1, France Télévisions, Canal+, Radio France a Radio France InternationaleGRF
Europe 1E1
GeorgienÖffentlicher Rundfunk GeorgiensSSM
GriichelandElliniki Radiofonia TileorasiERT
IrlandRadio Telefís ÉireannRTE
TG4TG4
IslandRíkisútvarpiðRUV
IsraelIsrael Broadcasting AuthorityIBA
ItalienRadiotelevisione ItalianaRAI
JordanienJordan Radio and Television CorporationJRTV
KroatienHrvatska RadiotelevizijaHRT
Lettland LettlandLatvijas RadioLR
Latvijas TelevīzijaLTV
LibanonTélé-LibanTL
LibyenLibyan Jamahiriyah Broadcasting CorporationLJBC
LitauenLietuvos nacionalinis radijas ir televizijaLRT
LëtzebuergRadio Télévisoun Lëtzebuerg (fréier Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion)RTL
Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle du Grand-Duché de LuxembourgERSL
MaltaPublic Broadcasting Services LtdPBS
MarokkoSociété nationale de radiodiffusion et de télévisionSNRT
NordmazedonienMakedonska radiotelevizijaMRT
MoldawienTeleradio-MoldovaTRM
MonacoGroupement de Radiodiffusion monégasque: Radio Monte Carlo, TMC Monte Carlo a Monte-Carlo RadiodiffusionGRMC
MontenegroRadio Televizija Crne GoreRTCG
HollandNederlandse Publieke OmroepNPB
NorwegenNorsk rikskringkastingNRK
TV 2 ASTV2
ÉisträichÖsterreichischer RundfunkORF
PolenPolskie Radio i TelewizjaPRT
PortugalRadiodifusão Portuguesa SARDP
Radiotelevisão Portuguesa SARTP
RumänienSocietatea Româna de Radiodifuziune: Radio RomâniaROR
Societatea Româna de Televiziune: Televiziunea RomânăTVR
RusslandPerwy kanalC1R
Radio Dom OstankinoRDO
Rossija 1RTR
San MarinoSan Marino RTVSMRTV
SchwedenSveriges Television och Radio Grupp: Sveriges Television, Sveriges Radio a Sveriges UtbildningsradioSTR
TV4TV4
CHECHE SchwäizSchweizerische Radio- und FernsehgesellschaftSRG SSR
SerbienRadio-Televizija SrbijeRTS
SlowakeiRozhlas a televízia SlovenskaRTVS
SlowenienRadio Televizija SlovenijaRTV SLO
SpuenienRadiotelevisión EspañolaRTVE
Sociedad Española de RadiodifusiónSER
Cadena de Ondas Populares EspañolasCOPE
Tschechesch RepublikČeský rozhlasČRo
Česká televizeČT
TunesienÉtablissement de la radiodiffusion-télévision tunisienneERTT
TierkeiTürkiye Radyo ve Televizyon KurumuTRT
UkrainNatsionalna Telekompanija UkraïnyNTCU
Nazionalna Radiokompanija UkrajinyNRCU
UngarnMagyar RádióMR
Magyar TelevizióHU/MTV
VatikanstadRadio VatikanRV
Vereenegt KinnekräichBritish Broadcasting CorporationBBC
United Kingdom Independent BroadcastingUKIB
WäissrusslandNazyjanalnaja dsjarjaunaja teljeradyjokampanija Respubliki BelarusBTRC
ZypernCyprus Broadcasting CorporationCyBC
Zoumaachen

Referenzen

  1. D'Informatiounen op der offizieller Websäit schwanken: 35 no der Informatioun op , 36 duerch Nozielen dovun, 43 laut (ofgeruff 2. August 2010)
  2. Deutschlandfunk, Das Hörspiel, 11. Februar 2012. In: dradio.de (12. Februar 2012)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.