Eurovision Song Contest 1963

From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 1963

Den 8. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest Grand Prix), war den 23. Mäerz 1963 zu London. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am BBC TV Centre zu London. Presantatrice war fir déi zweet Kéier d'Katie Boyle. Eigentlich wier Frankräich un der Rei gewiescht mat der Organisatioun, awer si haten de Grand Prix eréischt 1959 an 1961 zu Cannes organiséiert an dofir hu se un d'Britten ofginn.

Méi Informatiounen 8. Eurovision Song Contest ...
8. Eurovision Song Contest
Datum 23. Mäerz 1963
Stad London (Groussbritannien)
Gebai BBC Television Centre
Gewënner Grethe & Jørgen Ingmann (Dänemark)
Zuel vu Länner 16
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act Ola a Barbro
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen 20 Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt fir déi 5 bescht Lidder ofgestëmmt.
Zoumaachen
Thumb
BBC TV Centre, 2009

Et si keng Ännerunge gi bei de Länner déi matgemaach hunn. Dofir ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.

Et sinn nees Ännerunge gi bei der Ofstëmmung: An all Land souzen 20 Jurysmemberen, déi jeeweils 5, 4, 3, 2 an 1 Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op London iwwermëttelt.

Beim Iwwermëttele vun de Punkte sinn et e puer Problemer ginn, well Norwegen beim Opruffen nach net ganz fäerdeg mam Ausrechne vun de Punkte war. Se hunn dofir gefrot fir als Lescht nach eng Kéier un d'Rei ze kommen. De Spriecher huet awer an der Panik en Tëscheresultat ginn, dat hie séier zesummegerechent hat aus de Punkten déi schonn do waren. Zum Schluss vun der Sendung goufen dunn déi definitiv Punkte virgelies an et ass opgefall, datt et Ännerunge gi sinn géintiwwer deem wat virdru scho gesot gouf. Duerch déi Ännerungen huet dunn Dänemark gewonnen an d'Schwäiz koum ganz knapps op déi zweet Plaz.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Dänemark, d'Grethe & Jørgen Ingmann mat 2 Punkte Virsprong virum Esther Ofarim (Schwäiz). Déi drëtt Plaz krut den Emilio Pericoli, dee fir Italien ugetruede war.

Klassement

Méi Informatiounen Plaz, Land ...
PlazLandInterpretTitelPunkten
1.DänemarkGrethe & Jørgen IngmannDansevise42
2.SchwäizEsther OfarimT'en va pas40
3.ItalienEmilio PericoliUno per tutte37
4.GroussbritannienRonnie CarrollSay Wonderful Things28
5.FrankräichAlain BarrièreElle était si jolie25
5.MonacoFrançoise HardyL'amour s'en va25
7.ÉisträichCarmela CorrenVielleicht geschieht ein Wunder16
8.LëtzebuergNana MouskouriÀ force de prier13
9.DäitschlandHeidi BrühlMarcel5
10.BelschJacques RaymondWaarom?4
11.JugoslawienVice VukovBrodovi3
12.SpuenienJosé GuardiolaAlgo prodigioso2
13.HollandAnnie PalmenEen speeldoos0
13.NorwegenAnita ThallaugSolhverv0
13.FinnlandLaila HalmeMuistojeni laulu0
13.SchwedenMonica ZetterlundEn gång i Stockholm0
Zoumaachen

Um Spaweck

Méi Informatiounen Lëtzebuerg (Lëtzebuerg), Kopenhagen (Dänemark) ...
Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) Thumb Kopenhagen (Dänemark)
ESC 1962 Eurovision Song Contest ESC 1964
Zoumaachen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.