Eurovision Song Contest 1962

From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 1962

De 7. Eurovision Song Contest (offiziell den Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 18. Mäerz 1962 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Villa Louvigny zu Lëtzebuerg. Presantatrice war d'Mireille Delannoy.

Méi Informatiounen 7. Eurovision Song Contest ...
Thumb
7. Eurovision Song Contest
Datum 18. Mäerz 1962
Stad Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
Gebai Villa Louvigny
Gewënner Isabelle Aubret (Frankräich)
Zuel vu Länner 16
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Mireille Delannoy
Interval Act Achille Zavatta
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat 3, 2 an engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
Zoumaachen
Thumb
Villa Louvigny, 2008

Et si keng Ännerunge gi bei de Länner déi matgemaach hunn. Dofir ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.

De Fud Leclerc aus der Belsch huet fir déi véiert Kéier matgemaach, koum awer just op déi lescht Plaz.

Dat däitscht Lidd Zwei kleine Italiener ass e grousse kommerziellen Erfolleg fir d'Sängerin Cornelia Froboess ginn, obwuel et nëmmen déi sechst Plaz erreecht hat.

Et ass nees eng Ännerung gi bei der Ofstëmmung: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils 3, 2 an 1 Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Lëtzebuerg iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Isabelle Aubret mat 13 Punkte Virsprong virum François Deguelt (Monaco). Déi drëtt Plaz krut de Camillo Felgen, dee fir d'Lëtzebuerg ugetruede war.

Klassement

Méi Informatiounen Plaz, Land ...
PlazLandInterpretTitelPunkten
1.FrankräichIsabelle AubretUn premier amour26
2.MonacoFrançois DegueltDis rien13
3.LëtzebuergCamillo FelgenPetit bonhomme11
4.JugoslawienLola NovakovićNe pali svetla u sumrak10
4.GroussbritannienRonnie CarrollRing-a-Ding Girl10
6.DäitschlandCornelia FroboessZwei kleine Italiener9
7.FinnlandMarion RungTipi-tii4
7.SchwedenInger BerggrenSol och vår4
9.ItalienClaudio VillaAddio, addio3
10.DänemarkEllen WintherVuggevise2
10.NorwegenInger JacobsenKom sol, kom regn2
10.SchwäizJean PhilippeLe retour2
13.BelschFud LeclercTon nom0
13.SpuenienVíctor BalaguerLlámame0
13.ÉisträichEleonore SchwarzNur in der Wiener Luft0
13.HollandDe SpelbrekersKatinka0
Zoumaachen

Um Spaweck

Méi Informatiounen Cannes (Frankräich), London (Groussbritannien) ...
Cannes (Frankräich) Thumb London (Groussbritannien)
ESC 1961 Eurovision Song Contest ESC 1963
Zoumaachen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.