Rock-A-Field

Open-Air-Museksfestival From Wikipedia, the free encyclopedia

Rock-A-Field

De Rock-A-Field (kuerz RAF) ass en Open-Air-Museksfestival, deen zanter 2006 all Joer am Juni um Herschesfeld zu Réiser ass, a bei deem lëtzebuergesch an international Gruppen optrieden. Organisateur ass den Atelier. D'Editioun vun 2010 hat, mat 18.000 Leit, bis ewell dee gréisste Succès. De Rock-A-Field zielt zu de gréissten a bekanntste Festivaller zu Lëtzebuerg. Bis 2011 huet en all Kéier een Dag gedauert, 2012 an 2013 der zwéin, 2014 an 2015 der dräi an 2016 nees zwéin.

Thumb
Loftopnam vum RAF 2012.

Zanter 2009 gëtt et nieft der zentraler Bün, dem Atelier Stage, eng zweet, méi kleng Bün, d'BGL-Stage, op där tëscht de Concerten um Atelier Stage ursprénglech national Gruppen, mä zanter 2010 och international Gruppen optrieden. 2013 ass eng drëtt Bün bäikomm.

Editiounen

2006

Déi éischt Editioun vum RAF war de 25. Juni 2006 mat 14.000 Spectateuren. Opgetruede sinn:

  • Placebo
  • Franz Ferdinand
  • Silbermond
  • IAMX

2007

Déi zweet Editioun vum RAF war de 24. Juni 2007 mat 14.000 Spectateuren. Opgetruede sinn:

  • The Killers
  • Queens of the Stone Age
  • Juli
  • Art Brut

2008

Déi drëtt Editioun vum RAF war den 21. Juni 2008 mat 9.000 Spectateuren. Opgetruede sinn:

  • We Are Scientists
  • The Cribs
  • Culcha Candela

2009

Déi véiert Editioun vum RAF war den 28. Juni 2009 mat 17.000 Spectateuren. Opgetruede sinn:

  • Kings of Leon
  • Franz Ferdinand
  • Razorlight
  • Peter Fox
  • Eagles of Death Metal
  • Papa Roach
  • The Ting Tings
  • The Virgins

2010

Déi fënneft Editioun vum RAF war de 27. Juni 2010. Mat 18.000 Spectateure gouf op en Neits en neie Rekord gebrach. Anescht wéi am Joer virdrun, sinn 2010 op där méi klenger Bün, der BGL-Stage, och international Gruppen opgetrueden. Ausserdeem war d'Katapult, dat d'Spectateuren héich an d'Luucht geschoss huet, net méi present.

Tëscht 11:00 an 00:45 si follgend Gruppen opgetrueden: Concerten op der Atelier-Stage si mat engem A, déi op der BGL-Stage mat engem S markéiert.

  • (S) 14h20 - 15h00: Funky P
  • (A) 15h00 - 16h00: Jan Delay
  • (S) 16h00 - 16h50: Ghinzu
  • (A) 16h50 - 17h50: Gossip
  • (S) 22h05 - 22h50: Eternal Tango
  • (A) 22h50 - 00h00: The Prodigy
  • (S) 00h00 - 00h45: Pendulum

2011

Déi 6. Editioun vum RAF war de 26. Juni 2011. Virun enge 14.000 Spectateure sinn do opegetrueden:

  • Arctic Monkeys
  • The Wombats
  • Arcade Fire
  • Elbow
  • Jimmy Eat World
  • Bullet for My Valentine
  • The Gaslight Anthem
  • Goose

Ursprénglech hat den Atelier fir déi Editioun vum Rock-A-Field zwéin Deeg a 4 Headliner geplangt. Allerdéngs konnt dat aus organisatoresche Grënn net ausgefouert ginn. Déi 4 Headliner déi do opgetrueden sinn, hunn dozou gefouert datt den Entréespräis e Stéckche méi deier ginn ass.

2012

Déi 7. Editioun vum RAF war den 23. a 24. Juni 2012. Fir d'éischt Kéier war de Festival zwéin Deeg laang an et war méiglech op engem Camping z'iwwernuechten. Mat 18.000 Entréeë war de Concert och dat Joer ausverkaaft

D'Grupp Justice, déi fir den zweeten Dag als Headliner virgesi war, huet misse wéinst Verspéidung ofgesot ginn. D'Grupp Godsmack ass wéinst Krankheet och ausgefall.

1. Dag:

  • The Kooks
  • Chase & Status
  • Mac Miller
  • Modestep
  • Dirtyphonics
  • Borgore
  • The Kills

2. Dag:

  • Two Door Cinema Club
  • Triggerfinger
  • Clueso

2013

Déi aachten Editioun vum RAF war den 29. an 30. Juni 2013. Als Neiegkeet koum dës Kéier eng drëtt Bün dobäi, an de Camping gouf op dräi Deeg erweidert.

Opgetruede sinn:[1] [2]

1. Dag:

  • Dead Cat Bounce
  • Animal
  • Left Boy
  • Kraftklub
  • The Script
  • Seeed
  • Phoenix

2. Dag:

  • The Heavy
  • Tame Impala
  • Macklemore & Ryan Lewis
  • Band of Horses
  • Jake Bugg
  • Example
  • Queens of the Stone Age

2014

Déi 9. Editioun vum RAF war de 27., 28. a 29. Juni 2014. Fir d'éischt Kéier huet de Festival dräi Deeg laang gedauert. [3]

Déi follgend Gruppe sinn opgetrueden:

1. Dag:

  • Bombay Bicycle Club
  • Alter Bridge
  • Marteria

2. Dag:

  • Ellie Goulding
  • White Lies
  • Shaka Ponk
  • Foster the People
  • Gold Panda
  • Thees Uhlmann

3. Dag:

  • Wiz Khalifa
  • Gentleman & The Evolution
  • Haim
  • Chvrches
  • Grandmaster Flash
  • Clutch
  • Prinz Pi
  • Sub Focus
  • Jungle
  • Artaban
  • All the Way Down
  • The Majestic Unicorns from Hell

2015

Déi 10. Editioun vum RAF war den 3., 4. a 5. Juli 2015.

Déi follgend Gruppe sinn opgetrueden:

1. Dag:

  • Fox
  • Boys Noize
  • Kraftklub
  • Balthazar

2. Dag:

  • Rise Against
  • Eagles of Death Metal
  • Kontra K
  • Wu-Tang Clan
  • Gramatik
  • Kate Tempest
  • The Tame & The Wild
  • We Were Promised Jetpacks

3. Dag:

  • Dotan
  • Talisco
  • Echosmith

2016

Déi 11. Editioun vum RAF war den 9. an 10. Juli 2016. De Festival gouf vun 3 Deeg an de leschte Joren nees op 2 Deeg reduzéiert.[4]

Déi follgend Gruppe sinn opgetrueden:

1. Dag:

  • De Läbbel Session
  • Tyler, The Creator
  • Prinz Pi
  • Vitalic DJ Set
  • Ghinzu
  • Parov Stelar

2. Dag:

  • Broken Back
  • Oh Wonder
  • Bilderbuch
  • Gogol Bordello
  • Puggy
  • The 1975
  • Steve Aoki
  • Pixies

2017

2017 fält de Festival aus; et soll eng Paus gemaach ginn, fir d'Konzept ze iwwerdenken.[5]

2018

D'Paus fir en neit Konzept vum Festival auszeschaffe gëtt em ee Joer verlängert, soudatt et och 2018 kee RAF gëtt[6].

Um Spaweck

Referenzen

  1. "Sechs weitere Bands fürs Line-Up." tageblatt.lu, 15. Januar 2013 12:21; Akt: 15.01.2013 15:22.
  2. "Phoenix, c2c, Bloc Party... d'Affiche vum RAF ass komplett." RTL.lu - 21.02.2013, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.02.2013, 09:32.
  3. "Rock-A-Field 2013: Gutt Musek, gutt Wieder, gutt Laun." RTL.lu - 30.06.2013, 18:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.07.2013, 07:15.
  4. Rock-a-Field - Angezählt op wort.lu vum 11. Juli 2016
  5. "De Rock-A-Field fält fir 2017 aus!" rtl.lu, 22.12.2016, 19:43:17.
  6. Pause verlängert - Auch 2018 kein Rock-A-Field op wort.lu den 3. November 2017, gekuckt de 5. November 2017
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.