Alexander Walterowitsch Litwinenko
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Alexander Walterowitsch Litwinenko (Александр Вальтерович Литвиненко), gebuer den 30. August 1962 zu Woronesch, a gestuerwen den 23. November 2006 zu London, war e russeschen a spéider brittesche Geheimdéngschtmataarbechter. Hien huet fir d'éischt fir de sowjetesche Geheimdéngscht KGB an da fir d'russesch Nofollgerorganisatioun FSB geschafft. Vun 2003 un war hien Informant vum britteschen Auslandsgeheimdéngscht MI6.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alexander Walterowitsch Litwinenko | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
4. Dezember 1962 Woronej |
Gestuerwen |
23. November 2006 London |
Nationalitéit | UdSSR, Russland, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Militär, Spioun |
|
Hien ass als Auteur an als Kritiker vum russesche President Wladimir Putin bekannt ginn.
De Litwinenko ass Ufank November 2006 krank ginn a kuerz drop un enger Vergëftung gestuerwen.
Am Januar 2015 gouf no jorelaangem Drock vum Litwinenko senger Wittfra Marina eng ëffentlech Untersuchung ("public inquiry") a Groussbritannien lancéiert. Si ass ee Joer méi spéit zur Konklusioun komm, datt de Mord um Litwinenko d'Resultat vun enger FSB-Operatioun war, déi warscheinlech perséinlech vum Putin geneemegt ginn ass.[1]
Um Spaweck
Referenzen
- BBC: President Putin 'probably' approved Litvinenko murder (21. Januar 2016)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.